SuzukiE-Première

2025 war net einfach; 3 Modeller goufe gestrach wat natierlech d’Zuelen ofstierze gelooss huet. Elo ginn all Hoffnungen an déi iwwereg 3 Modeller gestach.

Deen éischten Elektro-Suzuki

Hien ass de Star um Salon zu Bréissel an hoffentlech och bei eis um Autofestival: den neien E-Vitara. De kompakten Elektro-SUV aus indescher Produktioun steet net nëmme fir eng nei Richtung, e soll och een typesche Suzuki bleiwen: kompakt, fiabel a fir alles ze gebrauchen. 2 Batterien vun 49 an 61 kWh ginn ugebueden, d’Motore leien tëscht 106 an 135 kW respektiv 189 an 300 Nm. Iwwert d’Autonomie verréit Suzuki awer nach näischt.

Fit gemaach

Déi zwee SUV Vitara an S-Cross kruten ee Facelift spendéiert. D’Modifikatioune bestinn, ënnert anerem a graff gesot, aus neie Luuchten, neiem Infotainment an enger verbesserter Sécherheet.

Suzuki um Internet

Back to Top
CIM LOGO