Déi gëlle Mëtt
Fir de Sputt tëscht der Uewer- (Touareg) a Mëttelklass (Tiguan) ze fëllen, gouf den neien Tayron lancéiert. Am Stil vum Virgänger Tiguan Allspace kënnt den neie grousse SUV mat 5 oder 7 Sëtzer a soll senge Passagéier nees genuch Plaz bidden. Ënnert dem Capot stiechen au choix zwou Plug-in-Hybridmotorisatiounen, déi bis zu 100 km reng elektresch fuere kënnen. Déi zweet Generatioun vum T-Roc placéiert sech nees an der Kompaktklass a kënnt am ganz neuen Design. Grouss Nouvelle ass och ass déi Luuchtesignatur an, bedéngt duerch 12 cm méi an der Längt, méi Plaz am Banneraum.
GTI-Summum an Highlight um Festival
De GTI feiert 50 Joer an dofir bréngt VW en exklusive Modell op de Maart: de Golf GTI Edition 50. Mat 325 PS a 420 Nm ass dës Spezialeditioun dee stäerkste GTI an der VW-Geschicht. Deemno sinn och d’Fuerleeschtungen; 270 km/Stonn Spëtzt an nëmme 5,3 Sekonne fir de Sprint op 100. Um Festival ass hien an alle Concessiounen ze gesinn.