ToyotaNouvelle-Feierwierk

Fir de Festival 2026 gëtt et bei Toyota nawell vill Neies ze gesinn.

Elo duebel am EV-Segment vertrueden

Laang huet sech Toyota bei den Elektroautoen zeréckgehalen, bis dee mat Subaru zesummen entwéckelten bZ4X lancéiert gouf. Am Kader vum reguläre Facelift gëtt den E-Toyota elo mat 2 verschiddene Batterie proposéiert. Esou sinn elo maximal 569 km Autonomie méiglech. An engems goufen ënnert anerem d’Fiederung, de Banneraum an de Baussendesign iwwerschafft. E ganz neie Modell fir de Festival ass den Urban Cruiser. Als zweeten E-Modell vun Toyota start de klengen SUV mat 2 Batterien vun 49 an 61 kWStonnen. Seng speziell Elektro-Plattform bitt ee flexibele Banneraum mat vill Plaz esouwéi natierlech deen neisten Infotainment.

Haaptsaach Cross-Over

De Corolla Cross war dann zeideg fir eng kleng Renovatioun. Eng nei Finitioun GR Sport, en neie Modus fir den elektroneschen Allrad-Undriw esouwéi manner Bannegeräisch sinn nieft der opgefrëschter Optik d’Haaptpunkten. Och e Kräiz oder vill méi en X a sengem Numm dréit den neien Aygo X Hybrid. Nach méi exotesch ass awer den Hybrid-Undriw wëll den Aygo ass deen eenzegen mat deem Undriw a senger Kategorie. De Motor kenne mer aus dem Yaris, hei leescht en 116 PS a bléist nëmme 86 g CO2 eraus. Bei dëser Geleeënheet gouf de Look méi sportlech an d’Finitioun GR Sport mat an de Programm geholl.

Petrolheads, opgepasst!

Toyota fleegt nach ëmmer seng Léift fir Autoe mat Fuerspaass an Emotiounen; ee vun de leschte Mohikaner kritt dofir elo nach e klengen Update; de GR Supra Lightweight EVO gëtt sengem Chauffer nach emol méi Sensatiounen a Kontakt mat der Strooss. Dofir gouf d’Fuerwierk iwwerschafft an d’Karosserie verstäerkt, vergréissert Bremse suerge fir méi Bëss an nei Spoiler am Carbon fir eng besser Aerodynamik.

Toyota um Internet

Toyota am RTL Automag

Back to Top
CIM LOGO