V12 Open Air
Nom Lancement vum Coupé lescht Joer, kënnt den Zweesetzer mam grousse Front-Mêttelmotor och als 12Cilindri Spider. Elo steet dem Sound vum legendäre V12 mat 830 PS an engem Toureberäich bis 9500 Touren näischt méi am Wee.
Hybrid-Racer
Ferrari kréint d’Gamm vun de Mëttelmotor-Berlinetta mam 296 Speciale, deen nach emol u Gewiicht verluer an un Aerodynamik gewonnen huet. D’Fuerwierk gouf fir den Asaz op der Rennstreck iwwerschafft an de V6-Hybrid-Undriw mat Komponenten aus der Formel 1 optiméiert. Hybrid-Technik kënnt och beim 849 Testarossa an den Asaz. Dem SF90 Stradale-Nofollger säi V8 leescht 830 PS an ass eng kleng Hommage un déi legendär Modeller mam selwechten Numm vu viru 70 Joer.
Roma-Nofollger
Anescht wéi déi aner ass och nees den Amalfi. Den Zweesëtzer Front-Mëttelmotor-Coupé bleift no um Concept vum Grand Tourer a kombinéiert héich Leeschtung mat Alldagskalitéiten.