BentleyDe Summum

Leider net fir de Festival ze gesinn, mee Bentley bréngt am Fréijoer nees d’Kréinung vun der Continental GT-Gamm.

Fir solvent Puristen

Supersports – eng Bezeechung, déi bei Bentley schonn eng laang Traditioun genéisst an déi besonnesch sportlech Bentley-Modeller auszeechent. De véierte Modell an der Geschicht vun der Mark weit ënner zwou Tonnen an huet een 666 PS staarke V8 twin turbo ënnert der Hauf. Am Pressetext betount Bentley nach emol, dat op Hybrid-Technik verzicht gëtt an de Supersports sech op Puristen a passionéiert Chauffere fokusséiert. Net nëmme Motor an Design sinn exklusiv, och de Supersports u sech – 500 Stéck si virgesinn a kënnen am Mäerz bestallt ginn.

Bentley um Internet

Back to Top
CIM LOGO