Duerch an duerch klimafrëndlech
Eng Luxuslimousine mat klengem Carbon-Ofdrock, gëtt et dat? Jo, se heescht ES90. Esouwuel bei der Produktioun wéi och am Betrib soll dee groussen E-Volvo eis Ëmwelt schounen. Ouni awer op ze vill ze verzichten; sief et den héichwäertegen an aerodynameschen Design, d’800-Volt-Technik vum Undriff oder de confortabelen a luxuriéise Banneraum. 700 km Autonomie gi versprach an 300 km kënnen an nëmmen 10 Minutten nogeluede ginn.