SkodaDen SUV fluppt

Zënter hirem éischten SUV 2009 huet Skoda scho 4 Milliounen Unitéite gebaut. Een dovunner ass den Elroq, deen direkt vun Ufank un e grousse Succès gefeiert huet.

Sportsversioun fir de Bestseller

Relativ séier nom “brave” Brudder lancéiert Skoda den Elroq RS. A wéi mer wëssen, stinn déi Modeller fir héchst sportlech Uspréch a Fuerleeschtungen. Beim Elroq halen sech déi zwee Buschtawen e bëssen zeréck; bausse si just e puer Detailer typesch fir de Sport-Elroq, bannendran ginn et Sportsëtzer, Alcantara a Carbon. 340 PS leescht dem Elroq RS säin Undriw a 5,4 Sekonne vergi bis op 100, d’Fuerwierk ass wuel fir Dynamik mee och nach confortabel ausgeluecht.

Facelift fir deen “Éischten”

Mam Enyaq haten am Fong déi éischt Schrëtt an der Elektromobilitéit ugefaang. Dofir stoung ee gréissere Facelift um Programm wou de groussen E-SUV déi nei Skoda-Nues verpasst krut. An engems léisst déi besser Aerodynamik elo bis zu 590 Kilometer Autonomie zou. 2 Batterien an 3 Undriffer sinn disponibel, den Enyaq kann als grouss Première och an 2 Richtunge lueden.

Skoda um Internet

Skoda am RTL Automag

Back to Top
CIM LOGO