NissanElektro-Expansioun

De Pionéier vun der Elektromobilitéit bréngt zwee fuschnei E-Autoen.

Première am B-Segment

Äddi Verbrenner, den neien Micra kënnt nach just elektresch. A wien e bësse méi genee kuckt, deen erkennt hannert dem Nissan-Logo direkt de Renault 5 – kee Wonner, mat him deelt sech den neie Micra quasi alles. Just e puer Design-Elementer, wéi z.B. déi ronn Luuchten sollen awer un déi fréier Generatioune vum klenge Japaner erënneren. D’Nummer 6 versprécht maximal 416 km a bis zu 100 kW Leeschtung beim Lueden, also duerchaus brauchbar fir ee klengen Auto.

“Den” Elektroauto

Mat ee vun de populäersten a bekanntsten E-Autoen, de Leaf start an eng nei Generatioun. Den Design gouf méi aerodynamesch a virun allem méi gefälleg, domat ass dann och d’Autonomie op maximal 622 km gewuess. Och d’Technik a Form vun Infotainment huet evoluéiert, luede kann de Leaf mat nach moderaten 150 kW. Last but not least kritt de Leaf méi Plaz bannenan a 437 Liter Mall.

Nissan um Internet

Nissan am RTL Automag

Back to Top
CIM LOGO