Hybrid mat Succès
Den neien Torres Hybrid ass net nëmmen de Star vum Festival, mee huet KGM lescht Joer gutt virubruecht. De populären SUV kombinéiert een 150 - PS - Bensinner mat engem 130 kW - E - Motor a ka bis zu enger Vitesse vun 100 km/Stonn reng elektresch fueren. Wéivill Kilometer den Torres reng elektresch packt, dat verréit KGM allerdéngs net mee beschränkt sech op d ’ CO2 - Donnée vun 133 Gramm. Déi selwecht Plattform a Motorisatioun stécht och am Actyon Hybrid , deen mat 4m75 nach e klenge Krack méi grouss ass wéi den Torres. Hei geet den Design däitlech méi a Richtung SUV - Coupé mat Luxus - Touch. An dat esouwuel bausse wéi och bannen, wou ee groussen Display a vill Lieder serieméisseg an den Asaz kommen.