Méi geet net
Valhalla heescht en, deen éischten Aston Martin mat Plug-in-Hybrid-Mëttelmotor, deem seng Performancen all Kader sprengen: 1079 PS, 1100 Nm an 350 km an der Stonn Spëtzt. Esou ofgehuewen dat de Valhalla esouguer een Optrëtt an de Spiller Fortnite a Rocket League kritt – warscheinlech wäert een den Hypercar soss net ze gesi kréien, ausser um Festival 2026!
Topless
No de Coupé Versiounen dat lescht Joer, starten mam Vanquish Volante a Vantage Roadster déi oppe Variante vun deenen zwee bekannte Sportsween. An de Vanquish knackt domat och nach ee Rekord als dee séiersten a stäerkste Cabriolet mat Frontmotor. 835 PS leescht de V12. De Vantage iwwerhëlt als oppe Versioun och den Undriw vum Coupé, an dësem Fall ee 4-Liter V8 Twin-Turbo. Säi Stoffdaach ass an nëmme 6,8 Sekonnen no hanne geklappt, de Plus u Gewiicht fält mat 60 Kilo ganz moderat aus. A vu dat all gudder Déng dräi sinn, kënnt mam DB12 Volante een drëtte Cabrio mat an d’Spill. Besonnesch houfreg ass Aston Martin op den Daach, deen immens schlank an niddereg zesummefale kann. Fir dat et dem Fuerspaass un näischt feelt, suergt ee 4.0 V8 Twin Turbo fir dee richtegen Undriw.
Just ee Buschtaf
Vantage S, DB12 S an DBX S – si alleguer sinn déi nei Topversioun vun hirer Gamme. Am Vantage bedeit dat 680 PS an 800 NM, esouwéi een iwwerschaffte Chassis an diskret sportlech Akzenter bei der Optik. Am Fong nëmmen 20 PS méi leescht de V12 an der Topversioun vum DB12. Och hien profitéiert vun opteschen an technesche Modifikatiounen zu Gonschte vu méi Sportlechkeet. Un d’Leeschtungsspëtzt setzt sech den DBX; 727 PS an 900 Nm kritt den SUV spendéiert, op der anerer Säit speckt hien 47 Kilo of.