Prett fir getest ze ginn
Am Fong war den Temerario schonn den Highlight dat lescht Joer, allerdéngs nëmme statesch. Op der Editioun 2026 kann de frësch homologéierte Sportler mat 920 PS an 800 Nm och gefuer ginn. Hien kombinéiert 3 Elektromotore mat engem 4-Liter V8 a katapultéiert den Temerario op iwwer 340 km d’Stonn. E bësse méi “brav” geet et am Urus SE vir sech. Et ass déi éischt Plug-in-Hybrid-Versioun vum Super SUV a kënnt op eng Systemleeschtung vun 800 PS. 100 % elektresch fueren ass och méiglech, dem SE seng 25,9 kWh-Batterie erlaabt bis zu 60 km.