HyundaiKleng a grouss

D’Gamm vu Hyundai gëtt nieft deem klengste Modell elo och no uewen erweidert.

Fir dat Grafft

No sengem Debut um Festival 2025 kënnt mam Inster Cross dee klenge Stromer elo am Outdoor-Design. Ënnert anerem speziell Pare-chocen, Protektioune fir den Ënnerbuedem, extra 17-Zoll-Felgen, eng Daach-Reling an robust Applikatiounen am schwaarze Plastik maachen aus dem Inster ee richtegen Abenteurer.

Elektro am XXL

U sech kenne mer den technesche Brudder vu Kia schonn, elo kënnt den IONIQ 9 an domat dee gréisste SUV mat E-Motor an der Hyundai-Gamm. E soll virun allem Plaz bidden, genuch fir 3 Sëtzreien ënner ze kréien. D’800 Volt-Technik an eng 110,3 kW-Stonne-Batterie versprieche séiert Lueden an eng maximal Autonomie vu 620 km, déi iwwerraschend gutt Aerodynamik soll de Verbrauch a Grenzen halen.

Festival-Highlight

Den opgefrëschten IONIQ 6 feiert bei eis zu Bartreng seng Première. Seng Aerodynamik gouf verbessert, genee esou wéi d’Technik bannenan a seng digital Features.

Hyundai um Internet

Hyundai am RTL Automag

Back to Top
CIM LOGO