Highlight um Festival
De komplett neie Compass soll alles besser maachen a gouf dofir och an Europa entworf an entwéckelt. Den Design bleift typesch Jeep wärend d’Fuerwierk an d’Elektronik op den neiste Stand bruecht goufen. A punkto Undriw léisst Jeep de Clienten weider d’Wiel; e-Hybrid, e-Hybrid plug-in a voll elektresch. Déi zweet Nouvell um Festival ass den opgefrëschte klenge Brudder Avenger; hien krut nieft neiem Look och nei Motorisatiounen an ënnert anerem e méi modernen Infotainment.