KiaVolle Programm

Kia bréngt de Showroom fir de Festival 2026 zum Baschten, därmoosse vill Nouvelle goufen am Laf vun 2025 lancéiert!

D’Elektrofamill wiisst

Am C-Segment huet bis elo nach ee Vertrieder gefeelt, déi Roll iwwerhëlt elo den neien EV4. Virun allem iwwert de Präis wëll Kia mam neie Kompaktmodell d’E-Mobilitéit méi erreechbar maachen. Mee och den Design soll gefalen a bleift der Linn “Opposites United”, déi den EV9 agelaut hat, trei. Et ginn 2 Batterie proposéiert, d’Autonomie läit jee no Versioun tëscht 456 a 633 km. Schéin tëscht den EV3 an EV9 placéiert sech den neien EV5. Den SUV fir d’Famill soll virun allem Plaz bidden – dofir suerge 566 Liter Mall, ee Frunk vu 44 Liter an ee variabele Banneraum. Designméisseg ass den EV5 gewot, technesch goufen all Regëster gezunn. 530 km soll e maximal packen a, wann néideg, an nëmmen 30 Minutten op 80 % luede kënnen.

Elektro a Sport? Dat passt!

Mam EV6 GT gëtt d’Gamm vum lescht Joer renovéierte Stromer komplettéiert. 650 Päerd leescht de stäerkste Kia deen et jeemools gouf, de Sprint op 100 ass an nëmmen 3,5 Sekonne gepackt – merci dem Allradundriw. Natierlech ass och d’Optik “GT-like”. D’Topversioun vum grousse Brudder EV9 GT geréit mat 508 PS e bësse méi brav, an awer sprint de SUV-Koloss a 4,6 Sekonnen op 100. Eng elektronesch kontrolléiert Fiederung soll dem EV9 déi néideg Sportlechkeet verschafen.

Der Famill ugepasst

De Stonic gëtt eemol komplett renovéiert. Bausse fält d’Upassung un den Design vun den EV-Modeller op, ënnert dem Blech fanne mer wéi och scho virdru Verbrenner- a Mild-Hybrid-Motorisatiounen. De gréisste Changement ass awer um Tableau geschitt, do dominéiert elo en duebele Panorama-Display. De grousse Brudder Sportage ass dann och zeideg fir eng Renovatioun. De Bestseller kënnt weider als Hybrid a Plug-in-Hybrid an iwwerhëlt wéi de Stonic den “Opposites United”-Design.

Attack an der Golf-Klass

Et muss net ëmmer een SUV sinn – den neie K4 ass mat senge 4m44 relativ kompakt, soll awer e grousszügege Banneraum mat zemools hanne vill Beefräiheet bidden. Säin Design ass typesch fir den aktuelle Stil vu Kia, kënnt awer nach méi athletesch dohier. An ënnert dem Capot, oh hei, een 1000er Turbo-Bensinner mat manueller Boîte (!) oder als 1600er mat Automatik.

Vläit eng Surprise?

D’Chance sti gutt dat deen neien EV2, no senger grousser Première um Salon zu Bréissel, de Wee op de Festival zu Lëtzebuerg fënnt. Mir dierfen also op dee bis elo klengsten Elektro-Kia gespaant sinn!

Kia um Internet

Kia am RTL Automag

Back to Top
CIM LOGO