Vum 1. Mäerz un ass den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gratis. Dës ganz Woch kucke mer eis all Moien déi eenzel Aspekter méi genau un.

D'Decisioun vun der Regierung 2018, fir keng Bus-, Zuch- oder Tram-Tickete méi ze verkafen, ass eng, déi an d'Geschichtsbicher wäert agoen.

Serie gratis ëffentlechen Transport (1)/Rep. Tim Morizet

D'Ukënnegung vun der Regierung, den ëffentlechen Transport gratis ze maachen, huet dem Grand-Duché weltwäit vill Reklamm abruecht. D'Rechnung goung op.

"Wou mer der Meenung sinn, datt et och zum Nation Branding gehéiert. Datt ee weess, datt ee sech zu Lëtzebuerg keng Froe muss stellen a sech einfach seet, ech ginn dohinner, ech klammen an den Zuch, Bus, Tram an ech kann dohi fueren.", esou de Premier Xavier Bettel.

An den auslännesche Medie gouf Lëtzebuerg emol eng Kéier net als éiergäizegt Steierparadäis duergestallt, ma als generéis Natioun, déi säi komplexe Verkéiersproblem an de Grëff wéilt kréien.

Ma de Wee bis den 1. Mäerz vun dësem Joer war e laangen. Esou laang ewéi d'Verkéiersproblematik am Land. 1997 gouf et eng éischte Kéier e gratis ëffentlechen Transport, organiséiert vu 5 Gemengen aus dem Oste vum Land – 24 Stonnen huet dee gedauert. De But war et, d'Leit aus dem Auto eriwwer op de Bus oder Zuch ze guidéieren. Änlech Aktioune gouf et an den nächste Joren.

2016, du war et esou wäit: gratis ëffentlechen Transport fir d'Schüler. 2 Joer méi spéit huet en et dann och an d'Walprogrammer gepackt. Direkt 5 Parteien: DP - LSAP - KPL - Piraten an déi Lénk hu sech kloer fir de gratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ausgeschwat. Och den adr-Deputéierte Gast Gibéryen war intresséiert: "Da komm mir encouragéieren, fir datt nach méi Leit domadder fueren, andeem datt mer dat gratis maachen."

Ma grad bei déi Gréng war een Ufanks awer méi virsiichteg. "Mir hunn zu Lëtzebuerg de bëllegsten ëffentlechen Transport an der ganzer Europäescher Unioun. 100 Euro kascht et d'Joer fir Leit iwwer 60 Joer, fir datt se illimitéiert kënne ronderëm fueren. Et kann also net um Präis leien an et läit net um Präis.", esou de François Bausch.

Vill méi géif et op Pénktlechkeet, Qualitéit an natierlech d'Offer ukommen, esou den Transportminister François Bausch. Vill Iwwerzeegungsaarbecht hätt et net gebrauch, esou de Premier, ma e puer nei Calcullen, fir datt de grénge Minister 3 Méint drop dat heite seet: "Mä de gratis ëffentlechen Transport ass am Fong d'Kiischt um Kuch vun enger gesamter Mobilitéitsstrategie, woubäi awer de Kuch selwer muss gebak ginn. A wat natierlech näischt aneres ass ewéi d'Investissement an d'Infrastrukturen."

Skeptesch war een och Ugangs vu Säite vun der Stad Lëtzebuerg. Et wäre 24 Milliounen Euro, déi vum 1. Mäerz u géifen an der Keess feelen. An et war een net esou frou, datt een d'lescht Joer net op déi offiziell Presentatioun vum gratis ëffentlechen Transport invitéiert war. De klengen Hick zum Ofschloss war awer séier geléist. Zesumme gëtt dann och den 29. Februar am neien Tramsschapp op engem gratis Concert an de gratis ëffentlechen Transport eragefeiert.