Zanter annerhallwem Joer ass den Transport mat Zuch, Bus an Tram gratis hei am Land, eng Welt-Nouveautéit...

An awer fueren nach ëmmer vill Leit am Zuch an der 1. Klass, sou de Mobilitéitsminister François Bausch.

Zanter datt den ëffentlechen Transport gratis ass, si 14,5 Millioune Passagéier an den CFL-Zich matgefuer. Dovunner sinn der ronn 295.000 an der 1. Klass gefuer - an hunn also misste fir hiren Ticket bezuelen.

Duerch de Verkaf vun dësen Tickete krut d'Bunn bannent annerhallwem Joer ronn 414.000 Euro an d'Kees.

Dës Chiffere liwwert de Minister Bausch op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen.