Mëttlerweil verbënnt den Tram, deen zënter 2017 fiert, de Kierchbierg mat der Gare. Am Schnëtt profitéiere pro Dag eng 70.000 bis 85.000 Leit vum Tram.

Allerdéngs ginn et Iwwerleeungen, den Tram op der Héicht vum Rond-point Schuman an dem Pescatore och duerch d'Porte Neuve fueren ze loossen. Dobäi géifen d'Schinne genee laanscht de Stater Park goen.

Op enger Längt vun 800 Meter solle Schinne laanscht de Park geluecht ginn. Si sollen d'Neipuertsgaass mam Boulevard Royal verbannen. De Busarrêt géif op dëser Plaz dann ewechfalen an duerch en Arrêt fir den Tram ersat ginn. Enger éischter Skizz no wären och verschidde méi eeler Beem dozou condamnéiert, wéinst den Tram-Schinnen ewechgeholl ze ginn. Si missten dem Tram Plaz maachen. Déi Stater Responsabel sinn net enchantéiert vun dëser Mesure. Si soen: "Nee, net mat eis."

De Stater Park an der Uewerstad huet eng Surface vun 21 Hektar an ass tëscht 1871 an 1878 entstanen. Et handelt sech ëm en historesche Park, an deem ënner anerem d'Kinnekswiss ass. Am September kréien déi Stater Responsabel de Projet vun de Luxtram-Ingenieure virgestallt an erkläert. No dëser Entrevue tëscht de Stater Responsabel an de Leit vu Luxtram wäert ee sécherlech eng Etapp méi wäit am Dossier sinn, a genee wëssen, wat béid Parteie vunenee wëllen.

De Projet Tram an der Stad ass nach laang net fäerdeg. Esou ass geplangt, datt et am Joer 2035 véier Tramslinnen an der Haaptstad soll ginn. 300.000 Leit kéinten dann all Dag vum Tramsreseau profitéieren.