Fir der héijer Demande op de Schinnen nozekommen, ginn iwwert déi nächst Joren d'Fuerwierker vun den CFL erneiert.

Déi grouss Tester vum neie Fuerpark sinn ofgeschloss – um Sonndeg gouf den éischten Coradio Zuch aus Barcelona offiziell ageweit 
 
Wie moies, respektiv owes zu de Spëtzenzäiten mam Zuch ënnerwee ass, kennt den Zenario all ze gutt: voll/iwwerlueden Zich – mam Ustuerm fir nach eng Plaz ze kréien.

Dat soll sech mëttelfristeg änneren. Méi Sëtzplazen, méi Plaz fir Vëloen oder och Wifi wärend dem Trajet si just e puer vun den Adaptatiounen, déi d‘Cliente vun der nächster Woch un erwaarden.

Déi éischt nei Coradia Zich vun den CFL sti mëttlerweil prett op de Schinnen. 2018 goufe se bestallt. No enger intensiver Testphas koum e Sonndeg den éischten – an e Méindeg den zweeten vun insgesamt 34 neien Zich an den Asaz.

De Marc Wengler, Generaldirekter vun den CFL"Et ass déi gréisste Commande, déi mer jee als CFL gemaach hunn. Déi nei Zich sti virun allem fir méi Kapazitéit. 46 Prozent méi Sëtzplazen um ganze Reseau. Dat gëllt nodeems mer déi eelste Serie erausgeholl hunn. Den Z2, där hu mer der 21, déi ginn iwwert déi nächst Méint lues a lues aus dem Verkéier geholl. D‘Liwwerunge vun den neien Zich geet bis 2026.“

RTL

© Tim Morizet

Mat vill TamTam gouf den éischten Coradia 2400 e Sonndeg de Mueren zu Ettelbréck ageweit. E klenge Schrëtt zu Ettelbréck – e grouss Schratt a Richtung nohalteg Mobilitéit, esou d’Transportministesch Yuriko Backes.

"Ech mengen et ass vu grousser Bedeitung fir déi Leit, déi all Dag mam Zuch fueren. Hiren Alldag gëtt mat dëser verbesserter Qualitéit och weider verbessert. Et ass e groussen Atout och fir eis Frontalier-Communautéit. Et ass en Invest an eis Zukunft."

RTL

Déi nei Zich wäerten déi nächst Méint virun allem op der Linn vun Dikrech ënnerwee sinn. Mat den nächste Liwwerunge vun den Zich soll dat neit Fuerwierk dann och bis op Arel fueren.

RTL

D‘Maschinne sinn esou konstruéiert, datt se op d‘mannst 860.000 Kilometer ouni gréisser Panne fuere kënnen. De grousse Bonus vum franséischen Zuch aus dem Produktiounswierk vu Barcelona: méi Sëtzplazen, erkläert de Marc Wengler.

"Deen Zuch, dee mer haut gefuer sinn, huet 334 Sëtzplazen. Deen zweeten Deel, mir hu jo 12 Unitéiten kaf déi duebel esou grouss sinn: do komme 692 Sëtzplaze dran. Déi Zich kënne kombinéiert ginn. Heescht mir kënne Kapazitéite vun iwwer 1.000 Sëtzplazen areechen."
 
22 Kuerzzich mat 3 Waggonen, an 12 mat 6 Waggone goufe bestallt. Déi al Zich kréien iwwregens en zweet Liewen – an zwar a Rumänien.