
Am Hierscht ginn d'Konditiounen am Verkéier méi schwiereg. Dat gëllt och fir Leit, déi mam Vëlo oder mat der E-Trottinett ënnerwee sinn.
Wann d'Deeg méi kuerz ginn an d'Wieder méi naass gëtt, heescht et fir all jiddereen am Verkéier d'Fuerweis un déi nei Konditiounen unzepassen. Fir Vëlosfuerer a Leit op der Trottinett spillt dobäi virun allem d'Visibilitéit eng wichteg Roll.
Nieft Luuchte kënne Reflekteren um Vëlo, um Helm oder op de Kleeder e groussen Ënnerscheed maachen, erkläert de Frank Maas vum ACL. Deemno kéint e Vëlosfuerer ouni Reflekteren ënner Ëmstänn eréischt op enger Distanz vu ronn 25 Meter erkannt ginn. Mat gudde Reflektere kéinten et dogéint bis zu 140 Meter sinn.
Nieft der Visibilitéit ass am Hierscht och de Grip op der Strooss en Thema. Reen, Fiichtegkeet a Blieder kënnen de Belag glëtscheg maachen. De Frank Maas recommandéiert, beim Vëlo oder bei der Trottinett de Loftdrock an de Pneue liicht ze reduzéieren. Dat kéint d'Haftung vun de Rieder op enger schlechter oder glëtscheger Strooss verbesseren.
Besonnesch op naasse Blieder ass Virsiicht ugesot. Bei enger E-Trottinett soll een do net nëmmen d'Vitesse upassen, mä och méi douce beschleunegen. Wien ze staark beschleunegt, riskéiert op engem glëtschegen Ënnergrond méi séier d'Kontroll ze verléieren.
Eng weider typesch Gefor an dëser Joreszäit ass déi déif stoend Sonn. Si kann Automobiliste staark blenden an d'Siicht op aner Verkéiersparticipante fir ee Moment däitlech aschränken.
Vëlosfuerer, Motorradsfuerer a Leit op der Trottinett sollten dofir ëmmer domat rechnen, dass en Automobilist si eventuell net oder eréischt spéit erkennt. Ëmsou méi wichteg ass et, gutt siichtbar a virausschauend ënnerwee ze sinn.
Esou kënnt ee mam Vëlo oder mat der Trottinett méi sécher duerch déi gro an naass Joreszäit.