Niwwel, Reen a glat StroossenEsou mécht een den Auto prett fir den Hierscht

Nicky Soisson
D'Deeg gi méi kuerz, d'Wieder méi naass an de Niwwel mécht d'Siicht op de Stroossen net méi einfach. Fir sécher duerch déi gro Joreszäit ze kommen, soll een elo net nëmme säi Fuerverhalen upassen, mee och den Auto kontrolléieren.
© www.pixabay.com

Elo wou et nees méi fiischt an däischter gèertt, soll een net nëmme säi Fuerverhalen upassen, mee och den Auto prett fir déi gro Joreszäit maachen.

Eng gutt Siicht ass dobäi eng vun de wichtegste Viraussetzungen. Grad wann et reent oder méi fréi däischter gëtt, kënnen dreckeg Fënsteren d'Siicht nach zousätzlech verschlechteren. Duerch d'Luuchte vun den Autoen, déi engem entgéintkommen, entstinn zum Beispill Refleten op der Scheif.

„Et gëtt lo ëmmer méi fréi däischter, et fänkt och elo u mat reenen. Dat heescht, et gesäit een net méi sou gutt an dann ass et natierlech wichteg, dass een eng propper Fënster huet“, erkläert de Frank Maas vum ACL.

Wischerblieder a Lave-glace kontrolléieren

Well et moies nees méi kal gëtt, soll een och de Lave-glace mat Frostschutz opfëllen. Gläichzäiteg lount et sech, d'Wischerblieder ze kontrolléieren an dës, wann néideg, auszetauschen.

Net ëmmer op d'Luuchten-Automatik verloossen

Och bei de Luuchte soll een an dëser Joreszäit oppassen. Vill Automobilisten hunn hir Luuchten op Automatik stoen. Bei Wieder- a Liichtverhältnisser, déi net eendeiteg sinn, geet dat awer net ëmmer duer.

„Dofir soll een dann d'Luuchten och manuell umaachen“, recommandéiert de Frank Maas.

Bei Niwwel gëllt et dogéint, d'Niwwelluuchten net einfach präventiv unzemaachen. Dem ACL-Expert no soll een dës just benotzen, wann d'Siicht ënner 50 Meter ass, sou wéi de Code de la route dat och virgesäit.

Naass Blieder kënnen d'Strooss rutscheg maachen

Nieft enger gudder Siicht ass virun allem dat eegent Fuerverhalen wichteg. D'Vitess soll un d'Konditiounen ugepasst a genuch Ofstand zum Auto virun engem gehale ginn.

Eng weider Gefor am Hierscht si Blieder op der Strooss. Wa se naass sinn, kann d'Fuerbunn séier rutscheg ginn. Dowéinst soll ee beim Bremsen, Beschleunegen an an de Kéieren net ze abrupt reagéieren.

A wann et nach net geschitt ass, ass elo och e gudde Moment, fir un d'Wanterpneuen ze denken.

Back to Top
CIM LOGO