Souwuel d'SNCT wéi och Luks hunn dës Woch eng nei Filial opgemaach, wou ee seng Gefierer ka kontrolléiere loossen.

Eng nei Kontrollstation huet de 5. Februar am Süde vum Land opgemaach, an dat zu Wickreng am neie Komplex GridX, direkt nieft der Escher Autobunn. De Bedreiwer ass dee selwechte wéi vun der Kontrollstatioun zu Luerenzweiler. Tëschenzäitlech hate se och eng Statioun op der Cloche d'Or, déi gouf awer nees zougemaach.

Um Site vum Bedreiwer Luks fënnt een dann och e Video, deen erkläert, wéi een d'Kontrollstatioun fënnt, well ronderëm an um d'GridX-Gebai aktuell nach geschafft gëtt.

Zanter dem 3. Februar ass dann och eng weider Kontrollstatioun am Zentrum vum Land, méi genee um Rouscht bei Miersch. Dës gëtt vun der SNCT bedriwwen an all Gefierer ausser Motorrieder kënnen hei kontrolléiert ginn. Domadder huet d'SNCT elo 7 Filialen uechter d'Land, dëst zu Sandweiler, Esch, Léiweng, Biissen, Maarnech, Bartreng an eben elo och um Rouscht.