
D'CFL haten um fréien Dënschdegmoie matgedeelt, datt den Zuchverkéier op der Streck tëscht der Stad iwwer Diddenuewen op Metz an och tëscht der Stad a Metz en Dënschdeg de Moien zwar nees ugelaf war, mee de Risk fir Retarden an Annulatiounen nach bestanen hätt.
Dëse Risk war géint néng Auer en Dënschdeg de Moien dann awer nees opgehuewen, wéi um Site vun den CFL ze liesen ass.
Wéinst engem techneschen Tëschefall op engem Gleis op der Héicht vum Franséische Grouss-Hetteng war den Zuchverkéier e Méindegowend a béid Richtunge komplett gespaart ginn.