"Am zweestellege Prozentberäich"Ryanair-Tickete kéinten 2027 méi deier ginn

RTL mat AFP
De Chef vun der Bëlleg-Airline huet annoncéiert, dass d'Präisser wéinst dem deiere Sprit e gudde Krack kéinten an d'Luucht goen.
D'Ticketspräisser wäerten d'nächst Joer an d'Luucht goe bei Ryanair.
D'Ticketspräisser wäerten d'nächst Joer an d'Luucht goe bei Ryanair.
© ADRIAN DENNIS/AFP

Wéinst den héije Spritpräisser huet déi iresch Fluggesellschaft Ryanair fir d'nächst Joer Präiserhéijungen annoncéiert. D'Tickete wäerte "sécherlech" am zweestellege Prozentberäich méi deier ginn, sou den Airline-Chef Michael O'Leary e Méindeg bei der Presentatioun vum leschte Quartal.

De Präis fir de Kerosin géing am nächste Geschäftsjoer op méi wéi zwou Milliarden Euro klammen. Sou laang et keng séier Léisung fir de Konflikt an der Golfregioun géing ginn, géifen d'Spritpräisser esou héich bleiwen. Och Ryanair misst deemno Käschte spueren, sou den O'Leary. Hien huet ugekënnegt, Léin anzefréieren, manner Personal op Vollen ze setzen an et wäert méi KI an der Verwaltung agesat ginn.

Den Nettogewënn vu Ryanair ass tëscht Juni a September ëm 6 Prozent op 1,61 Milliarden Euro zréckgaangen. Beim Ëmsaz war et Plus vu 4 Prozent op 5,7 Milliarden Euro ze verzeechnen. D'Zuel vun de Passagéier ass ëm 5 Prozent geklommen. Ryanair hat d'Präisser ëm zwee Prozent erofgesat, well d'Buchungen zréckgaange waren.

Back to Top
CIM LOGO