D'Stroumpräisser hu bannent de leschte Wochen ugezunn, sief et Doheem oder och un der Borne.

Vill Proprietäre vun Elektroautoe maachen eng Fauscht an der Täsch. An awer géif am Alldag den Elektroauto weider iwwer d'Hallschent méi bëlleg wéi e Bensinner oder en Diesel bleiwen. Op d'mannst emol, sou laang een doheem luet. De Gilles Caspar vun der Generaldirektioun vum Energieministere erkläert, wéi Automobiliste generell hiert Verhalen upasse kënnen:

"Doheem wäert ëmmer méi bëlleg sinn, wéi elo op ëffentlech accessibele Bornen ze lueden. Wann ech awer dobausse sinn, do ass d'Präislandschaft ganz heterogeen. Dat hänkt bëssen dervun of, wéi ech do bezuelen. Sief dat lo mat der Kreditkaart oder mat enger Luedkaart vun engem Fournisseur. Do ass am Fong recommandéiert, datt ee sech informéiert. Do ass et och ganz heterogeen, en Fonction vun den eegene Besoinen, wat dee gënschtegsten Tarif ass. Lueden ech elo éischter kuerz oder méi laang? Lueden ech op der Autobunn oder net?"

Speziell Applikatioune kënnen hëllefen, vill Geld ze spueren

Eng vun de beléiften, fir am Fournisseur-Dschungel den Duerchbléck ze behalen, ass "Chargeprice", well d'Präis-Differenz, mat der selwechter Charge, op der selwechter Borne, vun engem Fournisseur zum aneren, impressionant ass. Mat alt Differenze vun iwwer 150%.
 
"Wann ee sech do e bëssen informéiert, déi Präisser anstänneg vergläicht, kuckt, wou ee sech vill ophält, bei wéi engem Fournisseur een tendenziell am meeschte géif lueden, kann een iwwer entweeder verschidde Luedkaarten oder souguer verschidden Aboen, awer relativ gënschteg Tariffer fannen", sou de Peter Recking vun der Klima-Agence.

Déi nei Berechnung vum Netztarif benodeelegt Proprietäre vun Elektroautoen

De Xavier Hansen aus der Generaldirektioun vum Energieministere erkläert firwat:
"Do ass am Fong de Grondprinzip, dass ee soll kucken, sou lues a sou laang wéi méiglech ze lueden. An ze verhënneren, zum Beispill d'Autoe beieneen ze lueden, oder ze lueden, wann ee grad soss vill grouss Verbraucher am Haus huet. D'Iddi ass, dass een da kuckt, seng Netznotzung sou flaach wéi méiglech ze maachen." 

Och hei ass et derwäert, déi verschidden Offeren um Lëtzebuerger Stroummaart ze vergläichen. Éischt Fournisseure passe sech de Clientë mat Elektrobornen un. Bedauere muss een, datt et den Ament net méiglech ass, prezis transparent ze wëssen, wou d'Spëtzten am Reseau leien. Wéini ee besser huet, säin Elektroauto net ze lueden. Dat huet näischt méi mat Dag oder Nuecht ze dinn.

Benodeelegt bleiwen och Leit, déi a Residenze wunnen

Vu 7.500 Bornen, déi privat installéiert goufen, hänken der nëmme ronn 1.000 a Residenzen. "D'Klima-Agence gëtt awer och do eng nei Offer, déi einfach drop ofziilt, deene Leit, déi an enger Residence wunnen, de Syndic, méi ze hëllefen, se méi ze accompagnéieren. Eebe fir déi verschidden Etappen, ob dat elo d'Iwwerzeegung ass an der Assemblé Générale, well verschidde Leit do nach Bedenken hunn, ob dat elo ëm déi technesch Ëmsetzung geet, ob dat ëm d'Kontroll vun Devise geet, datt sécher ass, datt un alles geduecht ginn ass, an do wäerte mer elo eis an den nächste Wochen nach méi aktiv positionéieren", sou de Peter Recking vun der Klima-Agence. An neie Projeten ass d'Pre-Installatioun fir Elektrobornen ewell obligatoresch. Dobäi kommen och Subside vu Staat a Gemengen.

Wien net doheem luede kéint, soll sech Informéieren, ob et keng Alternative beim Patron gëtt. Eenzel Supermarchéë géifen och, rezent, ganz attraktiv Offeren ubidden.