
Am Kader vum Reamenagement vum Echangeur Sennengerbierg ass d'Autobunn den nächste Weekend op dëser Plaz gespaart. D'Deviatioune lafen a béide Fäll iwwer d'Of- an Opfaarten. A Richtung Tréier muss e kuerzen Ëmwee bis un de Rondpoint um Findel beim Luxairport aplangen, fir dann nees zeréck op d'Autobunn ze fueren.