
Tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem kann een op der Diddelenger Autobunn zanter annerhallwem Joer op dräi Spuere fueren. Fix Radare solle kontrolléieren, wéi vill Leit am Auto sëtzen, déi op der Spuer, déi fir de Covoiturage reservéiert ass, ënnerwee sinn. Minimum zwee Leit mussen et jo sinn.
Dës Radare sollten u sech schonn am Hierscht vun dësem Joer operationell sinn. Well et Probleemer gouf mat der Kommunikatioun mat den neie CITA-Panneaue gouf, konnt dësen Delai net agehale ginn.
Op Nofro bei "Ponts et chaussées" heescht et vum Roland Fox, Direkter vun der Stroossebauverwaltung, datt d'Blëtzer am Februar 2027 sollen hire Service ophuelen.