D'Verkeef vun Tesla-Autoen europawäit ëm ronn 50% agebrach
Huet den Autosconstructeur Tesla am Januar a Februar 2024 nach eng 37.311 Autoen an der EU verkaaft, waren et der 2025 nëmmen nach 19.046.
Dëst geet aus dem neiste Bilan vum europäesche Verband vun den Autosconstructeuren ACEA ervir. Domat fält de Maartundeel vum Elektro-Autosconstructeur an Europa ëm ee Prozentpunkt, dat vun 2,1 op 1,1 Prozent.
Dat, obwuel d'Verkeef vun Elektroautoen allgemeng staark unzéien. D'Zuel vun den Neizouloossunge vu batteriebedriwwene Gefierer ass an den éischte Méint vum Joer ëm 28,4 Prozent an Verglach zum Joer virdru geklommen.
Eleng zu Lëtzebuerg gëtt et e Réckgang vu 44 Prozent am Verglach zu de Venten am Januar 2024. Konkret goufen am Januar dëst Joer nëmmen 68 Tesla-Autoen am Grand-Duché verkaaft, am selwechten Zäitraum 2024 waren et der nach 122, sou d'SNCA. An Däitschland ass de Réckgang souguer nach méi spierbar, hei sinn am Februar d'Verkeef ëm 76 Prozent agebrach.
Opgrond vun der neier Roll vum Tesla-Chef Elon Musk an der Regierung vum US-President Donald Trump huet de Betrib e massiven Image-Schued erlidden. Sou koum et an der lescht ëmmer méi zu Protester géint Tesla, wou souguer ganz Gebaier vum Constructeur a Brand gesat goufen oder Luetstatioune beschiedegt goufen, dat souwuel an den USA, wéi och an Europa.