Spektakulär PresentatiounNeien Tesla Roadster ka fléien

Tom Nols
Den Elon Musk huet den neien Tesla Roadster presentéiert, dee sech um Buedem festsuckelen, an och fir eng kuerz Zäit fléie kann.
Den neien Tesla Roadster ka fléien
Spektakulär Presentatioun vum neien Tesla Roadster, deen ënnert anerem fir kuerz Zäit fléie kann.

Den Elon Musk huet zu Waco am US-Bundesstaat Texas eng nei Versioun vum Tesla Roadster presentéiert, déi zesumme mat senger Rakéitefirma SpaceX entwéckelt ginn ass. Den Auto ka sech mat engem spezielle Multimodus-System per Ënnerdrock um Buedem festsuckelen, sech an der Loft dréinen an duerno sécher landen.

Kuckt hei am Video déi ganz Virféierung:

Bei engem weidere Stunt ass den Zweesëtzer mat Hëllef vu sengem Kalgas-Rakéitenundriff iwwert eng Rei geparkten Tesla-Gefierer gesprongen. De Roadster kann ausserdeem a manner wéi enger Sekonn vun 0 op 100 beschleunegen a soll eng Héchstgeschwindegkeet vun 370km/h erreeche kënnen. An der definitiver Versioun soll et spéider nach méi séier goen. D'Motore stousse kompriméierte Gas aus a suergen esou fir Acceleratioun. Ingenieure vu SpaceX hu bei der Entwécklung matgeschafft.

Geplangt sinn dräi verschidde Varianten. An der Performance-Versioun bleift den Auto en elektreschen Zweesëtzer fir d'Strooss mat aktiver Aerodynamik an engem System, deen de Won un d'Strooss suckelt fir eng besser Stroosselag ze generéieren. An der limitéierter Thrust-Variant mat Kalgas-Rakéitenundriff geet et op de Circuit. De Rocket-Roadster mat just engem Sëtz a Rakéite ronderëm d'Karosserie wäert ganz nei Manöveren erlaben a soll bannent 0,59 Sekonne vun 0 op 100 beschleunege kënnen.

Vun 2028 u wäert de Won produzéiert a verkaaft ginn. E konkrete Präis ass nach net genannt ginn, mee eleng d'Reservéiere vun der normaler Versioun kascht 50.000 Euro - fir d'Thrust-Versioun sinn 250.000 Euro fälleg. Déi gewise "Rocket"-Variant, mat zousätzlechen Düsen, soll méi spéit an d'Vente kommen a wäert just op Invitatioun vun Tesla ugebuede ginn. Fir den ëffentleche Stroosseverkéier wäert d'Fléien domat net erlaabt sinn. Ausserdeem kéint et sinn, dass den Auto an där Versioun a verschiddene Regiounen net verfügbar wäert ginn, sou den Elon Musk.

Back to Top
CIM LOGO