Wéi um Site vun den CFL ze liesen war, gouf et e Mëttwoch de Moien eng Stéierung un engem Zuch. Doduerch konnt et op follgenden Zuchlinnen zu Verspéidungen an Annulatiounen a béid Richtunge kommen:
Och den TGV war betraff.
Wéi RTL gemellt krut, stoung en Zuch op der Héicht tëscht Léiweng a Bierchem.
D'SNCF hirersäits hat gemellt, datt een Zuch op der Streck tëscht Metz an der Stad en Déier ugestouss hätt, wouduerch den TGV 2807 e Retard vu 80 Minutte kréie sollt, éier dëse ganz annuléiert gouf.
Wéi d'CFL géint 11 Auer mellen, ass d'Stéierung um Zuch behuewen an den Zuchtrafic géing nees opgeholl ginn. Trotzdeem kéint et weiderhin zu Retarden oder Annulatioune kommen.