Et reent dëser Deeg nawell vill - dat bréngt mat sech, datt vill Walaffichen, déi fir den 9. Juni solle Publicitéit maachen, sech léisen an erofhänken. An sou schappeg a stillos, wéi vill Affichen doruechter trëllen, empfënnt de Roy Grotz och eenzel Aussoen a Sloganen an dëser Campagne.

Et ass eng Campagne, déi natierlech nëmme bei deenen och ukënnt, dee sech d'Méi maachen, sech drop anzeloossen. Ech géif dem mëndege Wieler also un d'Häerz leeën, sech e wéineg mat den europäesche Visiounen an Aussoe vun den 13 Formatiounen auserneenzesetzen, ier ee säi Choix fir Europa mécht.

Zum Beispill lount et sech, de leschte Kloertext unzekucken a sech do Gedanken ze maachen, wat d'verbal Akrobatië vun der ADR-Kandidatin zum russeschen Aggressiounskrich ze bedeiten hunn oder sech hannert der LSAP ze froen, wat et da mam Häerz fir d'staarkt Europa op sech huet.

Et ass dach flott, wann eng sou beléift an top kotéiert Kandidatin wéi d'Liz Braz, déi op d'Lëscht huet missen eropgezu ginn, et op eemol - Zitat - "d'Iddi vun engem Mandat als EU-Deputéiert guer net sou iwwel fënnt, wéi een et sech kéint ausmolen."

Oder weist dat ieren, datt et der Madamm Braz awer net sou geheier war, fir sech op emol op der Lëscht zesumme mam Leader Di Barto an dem Ex-Minister Fayot ze fannen - wou - ah jo, dee gëtt et och nach - de Marc Angel riskéiert, de véierte Präis ze kréien - an dat obwuel den Nicolas Schmit dee wierklechen europäesche Superheld mam groussen Häerz ass an och nach eppes opzeweisen huet.

Egal och alles - mir wiele jo hei am Land no politescher Kompetenz nediert an do ka sou séier keen dem Charel Goerens a senger dominanter Positioun d'Waasser reechen - fir hien huet d'EU hir Friddensdividend verspillt. Deem stëmmen ech zou a soe souguer nach méi - wann net geschwënn d'europäescht Konstrukt mat sengen Decisiounsprozesser de fond en comble moderniséiert gëtt a sech de Realitéiten upasst, da geet och nach d'Kredibilitéit vun der Unioun d'Baach an an da kann engem baang sinn, wann den neie President an den USA nees sollt Trump heeschen, well mat him kéint et der EU definitiv e Strapp ze séier goen.

Dat sinn nëmmen e puer Grënn, firwat et sech lount, d'Sloganen an d'plakativ Duerstellungen an der Campagne z'hannerfroen. Esou, wéi d'Affichen hiert wouert Bild weisen, wa se driibseg an ofgewäsch dëser Deeg an der Landschaft stinn, da weist sech dat wouert Gesiicht hannert deem Faarwegen - an dat ass eng gro Pap.

Mir sollten also Faarwen a Leit eist Vertraue ginn, eis zu Stroossbuerg a Bréissel ze vertrieden, déi fir dee geniale Projet Europa antrieden an dofir kämpfen. Et sinn nëmmen eng hallef Dose Lëtzebuerger ze bestëmmen - ëmsou méi wichteg ass all Kräiz.

Vum latente bis oppene Grénge-Bashing an de riets-konservativ bis hin zu national-extremistesche Mouvementer net ze schwätzen, déi puer Iwwelzegkeet provozéieren.

Komm mir léieren aus der Geschicht a lafen net blann an defätistesch politesche Schimären no, déi nëmmen drop aus sinn, ze splécken an eist demokratescht Gebai an de Koup ze rappen.

Dofir ass all Wieler och en Influencer. Den Auteur Günter Eich huet ewell 1950 a sengem Text "Wacht auf" gefuerdert, fir onkamoud, kritesch a mësstrauesch ze sinn, am net de réngen Ueleg, mee Sand am Motorblock.