Fräimaurer, Bilderberg & Co.: Wat stécht hannert de geheime Societéiten?
Geheim Societéiten, déi am Hannergrond d'Weltgeschéie steieren, si schonn zanter laanger Zäit Géigestand vu Verschwörungstheorien.
Sief dat d'Bilderberg-Konferenz, den US-amerikanesche Studentencercel "Skull & Bones" oder d'Fräimaurer. Mä wat genee gleewen d'Supporter vun deene Verschwörungstheorien a wat ass do drun?
Wat gleewen d'Supporter vun der Verschwörungstheorie?
Änlech wéi bei der Theorie ronderëm d'Echsemënsche gëtt och hei gegleeft, datt en exklusiven, elitäre Krees vu mächtege Leit aus Politik, Wirtschaft a Rëschtungsindustrie am Geheimen Decisiounen hëlt, déi d'Weltgeschéie beaflossen. De wuel gréissten Ënnerscheed zur Theorie mat de Reptiloiden ass wuel deen, datt et hei e bësse méi Substanz gëtt. Ënnerschiddlech Institutioune stinn dobäi am Fokus vun de Verschwörungstheoretiker, vun deene mir Iech der e puer erausgepickt hunn:
Bilderberg-Konferenz
Op der sougenannter Bilderberg-Konferenz, déi 1954 déi éischte Kéier ofgehale gouf, kommen all Joer ëm déi 130 Persounen aus de Beräicher Politik, Industrie, Militär, Medien a Finanzen zesummen, fir wärend dräi Deeg iwwer aktuell Themen ze diskutéieren. D'Treffe leeft ënnert immens strenger Diskretioun of. Wien deelgeholl huet a wat beschwat gouf, gëtt der Ëffentlechkeet eréischt no der Konferenz matgedeelt. Trotzdeem ass net gewosst, wie sech wéi zu engem bestëmmte Sujet geäussert huet. De Fait, datt sech déi mächtegst Leit vun der Welt an engem esou streng geheime Kader versammelen, suergt fir massiv Kritik a vill Fudder fir Verschwörungstheoretiker, déi der Meenung sinn, datt d'Bilderberg-Konferenz fir eng Rei wichteg Evenementer an der Weltgeschicht responsabel ass: Sou soll um Treffe beispillsweis d'Uelegkris vun 1973 oder d'Invasioun vum Irak 2003 initiéiert gi sinn. Och gëtt behaapt, datt bei der Bilderberg-Konferenz den Ausgang vun den US-amerikanesche Presidentschaftswale festgeluecht gëtt.
Skull & Bones
Bei "Skull & Bones" handelt et sech ëm en US-amerikanesche Studentencercel vun der Yale University am Bundesstaat Connecticut. De Cercle gëtt et zanter 1832 an ass besonnesch wéinst senger obskuerer Ästhetik (d'Wopen ass wéi den Numm scho verréit en Doudekapp mat Schanken), senger extremer Exklusivitéit a sengen deelweis prominenten an aflossräiche Membere bekannt. Wien Deel vu Skull & Bones ass, dee soll net nëmme wärend senger Studienzäit, mä och no dëser vu senger Memberschaft profitéieren. Déi eenzel Member solle sech dobäi e Liewe laang géigesäiteg an hire Karriären ënnerstëtzen. Ëmmerhin huet de Cercle op dës Aart a Weis eng ganz Rei erfollegräich Perséinlechkeeten a Politik a Wirtschaft ervirbruecht, dorënner dräi US-amerikanesch Presidenten: De William Howard Taft, den George H. W. Bush a säi Fils den George W. Bush. Och de fréieren US-Vizepresident John Kerry war ee "Bonesman", wéi d'Membere vu Skull & Bones genannt ginn, a misst bei de Presidentschaftswalen 2004 géint säi fréiere Cercle-Kolleeg George W. Bush untrieden. Besonnesch deemools ass de geheime Studentegrupp méi an de Fokus vun der Ëffentlechkeet geréckelt. Ugeschwat op hir Memberschaft an op d'Fro, wat dann do genee gemaach gouf, hu souwuel de Kerry wéi och de Bush ze verstoe ginn, datt si net doriwwer schwätzen däerfen.
Fräimaurer
Déi wuel eelst an och bekanntst geheim Societéit, déi zanter Generatioune vu Verschwörungstheoretiker an d'Viséier geholl gëtt, sinn d'Fräimaurer, deenen hir Originne bis an d'18. Joerhonnert zeréckginn. D'Fräimaurer sinn a sougenannte "Logen" organiséiert, an deenen déi eenzel Memberen iwwer déi ënnerschiddlechst Theme wéi Humanismus a Selbstverwierklechung diskutéieren. Wéi d'Treffe genee oflafen a wouriwwer exakt geschwat gëtt, ass awer net bekannt a gëtt och bewosst geheim gehalen, wat op der anerer Säit bei Verschwörungstheoretiker natierlech nees fir räichlech Spekulatioun suergt. Et gëtt och hei dacks gegleeft, datt d'Fräimaurer am Verstoppten de Verlaf vun der Weltgeschicht steieren a beaflossen oder satanesch Ritualer duerchféieren. Deemno solle se am 18. Joerhonnert versicht hunn, déi kathoulesch Kierch ze stierzen oder ware fir déi franséisch Revolutioun vu 1789 responsabel.

Demonstrante protestéiere géint d'Bilderberg-Konferenz 2011 zu St. Moritz an der Schwäiz / © FABRICE COFFRINI / AFP
Wat ass drun un dësen Theorien?
Wat d'Theorië ronderëm d'Geheimgesellschafte vun aneren, wéi déi vun den Echsemënschen ënnerscheet, ass als éischt emol de Fait, datt déi hei genannt Institutiounen a Gruppen effektiv existéieren.
D'Kritik un der Bilderberg-Konferenz oder dem Studentencercele "Skull & Bones" kënnt awer net nëmme vu Verschwörungstheoretiker, déi mengen, datt d'Äerd eng Scheif ass oder Reptiloiden op der Äerd liewen. Soziologen a Politikwëssenschaftler kritiséieren d'Bilderberg-Treffe reegelméisseg wéinst hirer feelender Transparenz. Datt déi mächtegst Perséinlechkeeten aus Politik a Wirtschaft isoléiert vun der Ëffentlechkeet zesummekommen an iwwer dat aktuellt Weltgeschéien diskutéieren, hätt mat Demokratie net vill ze dinn. A Saachen Transparenz huet sech awer ëmmerhin e bëssen eppes gedoen: Um offizielle Site vun der Bilderberg-Konferenz kann een entretemps d'Lëscht vun de Participanten, wéi och déi beschwate Sujete vun de vergaangenen Treffen noliesen. Dës weideren hunn Experten Zweiwel drun, datt déi Involvéiert iwwerhaapt an der Lag wieren, eestëmmeg Decisiounen ze huelen, déi wäitleefeg Auswierkungen op d'Welt kéinten hunn. Dofir schwätzt ënnert anerem, datt d'Treffen net dacks genuch ofgehale ginn an d'Participanten zu zimmlech ënnerschiddlechen Interessegruppe gehéieren, déi wuel kaum bei all Sujet op e gemeinsamen Nenner kommen.
De "Skull & Bones"-Studentencercel bleift obskuer a mysteriéis. "Bäitrieden", respektiv eng Kandidatur deposéieren, kann een net, et gëtt ee vun de Studenten aus dem Joergang virdrun ausgewielt. Wat bei den Treffe genee gemaach gëtt, ob a wat fir Ritualer et ginn, bleift e Geheimnis an domat wäerten och d’Spekulatioune ronderëm de Cercle weidergoen. An och wann et onwarscheinlech ass, datt Skull & Bones d'Weltgeschéien aktiv mat beaflosst, léisst sech net ignoréieren, datt de Grupp keen all ze klenge Bäitrag zur Elite-Fërderung bannent den USA leescht. Nieft dräi fréieren US-Presidenten huet de Cercle eng ganz Rei weider héichrangeg Politiker, mächteg Entrepreneuren oder Geheimdéngscht-Mataarbechter ervirbruecht. A wéi wäit dat op d'Memberschaft bei Skull & Bones zeréckzeféieren ass, doriwwer léisst sech awer nëmme spekuléieren. Doriwwer eraus sollt och erwäänt ginn, datt et fir ee Studentencercel näischt Aussergewéinleches ass, datt sech d'Memberen och no der Studienzäit géigesäiteg an de jeeweilege Karriären ënnerstëtzen.
Och d'Fräimaurer sinn eng Societéit, déi esou mann wéi méiglech no baussen drénge loosse wëll. Déi exklusiv männlech Memberen (et ginn och Fräimaurer-Logë fir Fraen) verflichte sech dozou, zu den internen Aktivitéiten a Gespréicher ze schweigen. Dëst "Gemauschels" huet awer net zum Zweck, Pläng fir d'Weltherrschaft ze schmidden. Éischter soll de Membere garantéiert ginn, datt si sech esou fräi wéi méiglech äusseren an een dem anere vertraue kënnen. Fir opgeholl ze ginn, ass den ethneschen, reliéisen oder sozialen Hannergrond vun engem potenzielle Member egal. Persounen aus ënnerschiddleche soziale Schichte kënne bei de Fräimaurer openeentreffen, wouduerch d'Behaaptung, et géing sech ëm een elitären, verschwöreresche Krees handelen, onwarscheinlech bleift. Schold un de sëllege Verschwörungstheorië ronderëm d'Fräimaurer huet ënnert anerem déi sougenannt "Taxil-Affär" aus dem spéiden 19. Joerhonnert. De franséische Journalist Léo Taxil war Member vun enger Fräimaurer-Loge, bis en aus dëser ausgeschloss gouf. Vun 1885 un huet hie sech dunn zum Katholizismus bekannt an ugefaange Bicher ze verëffentlechen, an deenen hien iwwer angeeblech satanesch Ritualer bei de Fräimaurer bericht huet. Och huet hien ënnert falscher Identitéit, Memoirë vun erfonnte Persoune verfaasst, déi bei dëse Ritualer solle matgemaach hunn. 1897 huet den Taxil dunn zouginn, datt dat Ganzt eng Lige wier an hie bewosst "Fake News" verbreet hätt. Trotzdeem gi seng Publikatioune bis haut vu verschiddene Verschwörungstheoretiker fir wouer gehalen an als Beweismëttel genotzt.
Quellen
1. Füssel M. (2019) Weisshaupts Gespenster: Geheime Gesellschaften und Verschwörungstheorien im Umfeld der Französischen Revolution, an: Verschwörungstheorien früher und heute
2.Füssel M. (2018) Skull and Bones, an: Reinalter H.: Handbuch der Verschwörungstheorien
3. Frietsch M. (2020) Die Bilderberg-Konferenzen
4. Experte: Was hinter den Verschwörungstheorien über die Freimaurer steckt
5. Stiftung gegen Rassismus und Antisemitismus: Freimaurer (GRA-Glossar)
6. Brittanica: Skull and Bones
Weider Deeler aus eiser Serie
Chemtrails um Himmel: Waasserdamp an Ofgasen oder awer Klima- a Gedankekontroll?
Flat Earth - D'Renaissance vun der Äerd als Scheif?
"I am the Lizard King": Echse-Mënschen - Reptiloiden, déi d'Geschécker vun der Welt solle leeden
