Vun der Entsteeung vun den éischten Héichkulturen bis hin zum Krich an der Ukrain, all groussen historeschen Evenement soll vun hinnen orchestréiert sinn.

Ëmmer nees héiert ee vu Leit dobaussen oder liest een am Internet déi wëllsten, kuriéisten a verschiddensten Theorien. Iwwert de Summer gräife mer bei RTL.lu déi bekanntste Verschwörungstheorien aus de verschiddenste Beräicher op, probéieren z'erklären, u wat d'Supporter vun den eenzelen Theorië gleewen, a setzen deem wëssenschaftlech Erklärungen a Fakten entgéint.

Dës Kéier geet et an eiser Serie ëm sougenannte Reptiloiden, och nach Echse-Mënschen oder am Englesche "lizzard people" genannt. Enger Theorie no, déi sech virun allem an de fréien 2000er um Internet verbreet huet, solle quasi alleguer d'Persounen, déi an der Mënschheetsgeschicht jeemools eng Kéier politeschen Afloss haten, eigentlech ausserierdesch Reptiloiden oder eng Kräizung tëscht dëse Reptiloiden a Mënsche sinn. Dat nämmlecht soll fir d'wirtschaftlech Elitten a fir eng ganz Partie Perséinlechkeeten aus der Musek- an Ënnerhalungsindustrie gëllen.

Dës Echse-Mënsche sollen also zanter Joerdausenden d'Mënschheet ënnerdrécken a versklaven an de Laf vun der Geschicht kontrolléieren. Ganz no dësem Vers aus dem Gedicht "The Celebration of the Lizzard" vum verstuerwene Sänger vun The Doors Jim Morrison: "I am the Lizard King, I can do anything".

Mä lo Mol vu Vir. Ëm wat genee geet et eigentlech bei der ominéiser Reptiloiden-Theorie, vu wou kënnt se eigentlech a firwat gleewe verschidde Mënschen un se?

Ausserierdesch Eidechsen, déi eis Gedanke manipuléieren - wourëms geet et eigentlech?

Virop muss ee soen, dass et net nëmmen eng Verschwörungstheorie ëm déi sougenannten Echse-Mënschen oder Reptiloide gëtt. Déi bekanntsten ass awer wuel déi, vum brittesche Verschwörungstheoretiker David Icke.

RTL

© DAVID CLIFF ANADOLU AGENCY Anadolu Agency via AFP

Hien ass der Meenung, dass virun dausende Joren intelligent Echse-Wiesen, déi aus der Draco-Galaxis stamen, déi sougenannten Annunaki, bei eis op der Äerd gelant sinn. Um Ufank vun der Mënschheetsgeschicht hätten dës Wiesen an d'Mënschen zesummen op der Äerd gelieft. Ma aus engem bis haut net gewosste Grond hätten d'Echse-Mënschen enges Dages decidéiert, sech aus eiser Realitéit zeréckzezéien an an der véierter Dimensioun ze liewen. Vun do aus solle si d'Mënschheet manipuléieren an d'Welt kontrolléieren.

D'Zil vun de Reptiloiden - Monoatomescht Gold a mënschlecht Leed

De Grond wéinst deem d'Annunaki dem David Icke no viru Joerdausenden de Wee op eis Äerd fonnt hunn, soll iwwerdeems d'Existenz vu sougenanntem monoatomesche Gold sinn. Dëst Mineral soll et dem Nervesystem erméiglechen, Informatiounen zéngdausend Mol méi séier ze verschaffen, wéi dat normalerweis de Fall ass.
Wann d'Annunaki dëst Mineral consomméieren, géif hinnen dat d'Fäegkeete ginn, riseg Quantitéiten un Informatiounen ze prozesséieren a méi séier tëscht den Dimensiounen hin an hier ze reesen.

Weider heescht et da beim Icke, dass d'Annunaki sech quasi vu mënschlechem Leed ernieren. Dowéinst géife si ënner anerem fir Kricher a Genozide suergen. Ausserdeem géifen op Uerder vun den Annunaki op der ganzer Welt permanent Ritualer mat Mënschenaffer duerchgefouert ginn. Dat alles soll fir mënschlecht Leed suergen. Dëst géif da vun den Annunaki, déi an der véierter Dimensioun laueren, absorbéiert ginn.

D'Hierarchie vun de Reptiloiden

Nodeems d'Annunaki sech an déi véiert Dimensioun zeréckgezunn hunn, hätte si dem Icke no virun der Erausfuerderung gestanen, wéi si d'Mënschheet weider sollten am Geheime regéieren. Fir dëse Probleem ze léisen, sollen d'Annunaki an zwee Schrëtt virgaange sinn. Engersäits hätte si hir eege Geene mat deene vum Homo Errectus gekräizt. Op dës Manéier hätte si dofir gesuergt, dass d'Mënsche sech zu enger Spezies entwéckelen, déi permanent ënnert hirer Kontroll stinn. Anerersäits hätte si hir eege Geene mat deene vun enger anerer Spezies vun Ausserierdeschen, de sougenannten Nordics kombinéiert, fir op dës Manéier eng Zort ierdesch Sklave-Meeschter ze schafen. Dës ierdesch Sklave-Meeschtere sollen dann d'Arier sinn. Si solle sech duerch eng Partie charakterlech Eegenschaften, wéi engem Mangel un Emotiounen an enger Obsessioun mat Ritualer, auszeechnen. Vue dass d'Arier dem Icke no vun den Annunaki ofstamen, kënnen och si hir Gestalt änneren, sech also a Mënsche verwandelen. Verschiddener vun hinne sollen ausserdeem an der Lag sinn, mënschlech Gedanken ze kontrolléieren.

Dat reptiloid Bewosstsinn géif sech dem Icke no duerch eng méi niddereg spirituell Entwécklung auszeechnen an an enger direkter Relatioun mat Faschismus, Technokratie a Rassismus stoen.

Fräimaurer an Illuminati: Déi ganz Mënschheetsgeschicht soll vu Reptiloide kontrolléiert ginn

Fir d'Welt aus dem Geheimen ze regéieren an d'Mënschheet ze kontrolléieren, sollen d'Arier dann eng geheim Gesellschaft, d'Fräimaurer, gegrënnt hunn.

D'Fräimaurer, déi beim Icke och nach als Illuminati bezeechent ginn, kontrolléieren d'Mënschheet dann zanter dem Ufank vun der Gesicht iwwer en Netzwierk vun internationalen Organisatiounen, wéi zum Beispill dem Bilderberg-Grupp, der Weltbank an de Vereenten Natiounen.

Well si hir Anonymitéit sécheren an hiren Afloss op d'Politik an d'Wirtschaft verstoppe wëllen, wieren d'Echse-Mënschen dann och drop aus, d'Gedanke vun de Mënschen ze kontrolléieren. Dofir hätte si d'Medien an den Internet kreéiert. D'Medie géifen hir Informatiounen dann och zum gréissten Deel vu Regierungsinstitutioune kréien, déi - grad wéi d'Medie selwer - ënnert der Kontroll vun de Reptiloide stoe sollen. Den Internet soll dann do sinn, fir déi perséinlech Kommunikatioun ze iwwerwaachen an unhand vun de Sitten, déi eng Persoun besicht, en individuelle Perséinlechkeetsprofil vun dëser ze erschafen.

Dat endgültegt Zil vun den Echse-Mënsche wier dann déi komplett Iwwerwaachung a Kontroll vun der Mënschheet. Fir dat z'erreechen, wéilte si a leschter Instanz all Mënsch e Mikrochip implantéieren. Esoubal e Mënsch e Mikrochip agesat krut, kéint seng Positioun da permanent mat engem Satellit iwwerwaacht ginn.

Wou läit den Ursprong vun der Echse-Mënschen-Theorie?

Bei deem, wat ee bis elo gelies huet kéint ee mengen, dass déi ganz Verschwörungstheorie vun den Echse-Mënsche sech am Wesentlechen doduerch erkläert, dass den Icke entweeder ënner Wanvirstellunge leit oder sech déi ganz Saach ausgeduecht huet, fir mam Verkaf vu senge Bicher Suen ze verdéngen.

Ganz esou einfach ass et dann allerdéngs net. Den Icke knäppt mat senger Theorie nämlech un eng reegelrecht Traditioun vu Verschwörungstheorien ëm Ausserierdescher a geheim Societéiten un.
Een Auteur spillt hei eng besonnesch wichteg Roll: Den amerikanesch-aserbaidschaneschen Auteur Zecharia Sitchin, deen op d'Iwwersetzung vun ale Käilschrëft-Texter spezialiséiert war. Dësen huet an engem vu senge Wierker d'Behaaptung opgestallt, dass de Schöpfungsmythos "Enuma Elisch" vun den ale Sumerer Hiweiser op d'Annunaki als Wiese vun engem anere Planéit enthält. Tatsächlech tauchen déi ominéis Annunaki dann zum Beispill och wierklech als Götter-Wiesen an ale reliéise sumereschen Texter op.

Den Icke huet dës Iddie opgegraff an se esou weider entwéckelt, dass doraus eng Theorie ginn ass, déi - wann een dann u se gleeft - eng Erklärung fir déi ganz Mënschheetsgeschicht liwwert.
Fir dat ze realiséieren, knäppt den Icke un eng Partie reell existéierend  Organisatiounen an u reliéis a spirituell Texter un a féiert déi souzesoen zesummen andeems hie behaapt, dass d'Texter verschlësselt Hiweiser op d'Echse-Mënschen enthalen, an d'Organisatioune vun den Echse-Mënsche gegrënnt goufen.

Firwat gleewen d'Mënschen un des Verschwörungstheorie?

Esou verréckt dës Theorie och kléngt, et ginn tatsächlech Mënschen, déi un se gleewen. Enger Ëmfro vu Public Policy Polling aus dem Joer 2013 no gleewe 4 Prozent vun den Amerikaner dorun, dass Echse-Mënschen d'Politik kontrolléieren, an absolutten Zuele sinn dat ronn 12,6 Millioune Mënschen. Ma de Glawen un d'Echse-Mënschen, déi eis al versklave wëllen, huet och reell Suitten. 2019 hat e Mann an den USA säin eegene Brudder ëmbruecht, well hien der Meenung war, dass dësen e Reptiloid wier an och de Mann, deen am Dezember 2020 am Zentrum vun Nashville eng Bomm detonéiert hat, wouduerch hie selwer ëm d'Liewe koum an 8 Mënsche blesséiert goufen, huet un eng Verschwörung vun Echse-Mënsche gegleeft.

Bleift d'Fro, firwat Leit un d'Existenz vun ausserierdeschen, reptiloide Sklavemeeschteren, déi an enger anerer Dimensioun liewen, gleewen.

Generell muss ee festhalen, dass et schwiereg ass, ze soen, firwat e Mënsch un eng bestëmmte Verschwörungstheorie gleeft. An der Psychologie ginn et awer eng Partie Usätz, fir ze erklären, firwat Mënsche generell u Verschwörungstheorië gleewen.

Een dovunner ass, dass Verschwörungstheorien e Schema duerstellen, duerch deen d'Welt kann interpretéiert ginn. Si liwweren Erklärungen, fir Evenementer, déi op den éischte Bléck onverständlech an onlogesch erschéngen. Dëst ass - wann een et dann esou nenne wëll - och eng vun de Stäerkte vum Icke senger Theorie, ëm déi ausserierdesch Reptiloiden. Fir d'Leit, déi un d'Theorie gleewen, liwwert si eng eenzeg, liicht verständlech Äntwert op eng ganz Partie vu komplizéierte Froen: Wéi hunn déi éischt mënschlech Héichkulture sech entwéckelt? D'Echse-Mënschen hunn hir iwwerleeën Technologie agesat, fir déi éischt grouss Stied ze bauen. Firwat ginn et Kricher? D'Reptiloiden hunn d'Länner geschaaft an hetzen déi géinteneen op, fir dass et zu méiglechst vill Misär op der Welt kënnt.

Dozou kënnt dann nach, dass Verschwörungstheorien d'Welt a Gutt a Béis andeelen an de Verschwörungstheoretiker d'Méiglechkeet gëtt, sech selwer zu deene Gudden ze zielen. Dat gëtt hinne gläichzäiteg e méi héicht Selbstwäertgefill, sinn et dach si, déi als eenzeg iwwert déi reptiloid Verschwörung Bescheed wëssen a versichen, eppes dogéint z'ënnerhuelen.

Eng rezent Etüd aus dem Juni 2023 kënnt iwwerdeems zu der Konklusioun, dass Leit, déi u Verschwörungstheorië gleewen, net zwangsleefeg naiv oder ongebilt sinn. Tatsächlech solle Mënschen, déi u Verschwörungstheorië gleewen, vun engem Besoin, sech sécher ze fillen an zu enger Communitéit, déi aneren iwwerleeën ass, ze gehéieren, gedriwwe sinn.

Och wann d'Intelligenz wuel keng Roll spillt, solle Mënsche mat verschiddene Charakter-Eegenschaften awer éischter dozou tendéieren u Verschwörungstheorien ze gleewen. Dat wier besonnesch bei Mënschen, déi aner Leit tendenziell als Konkurrente wouerhuelen oder hinne mësstrauenn, de Fall.

Quellen

  1. Kahn, R. (2005): The Reptoid Hypothesis: Utopian and dystopian representational motifs in David Icke's alien conspiracy theory
  2. The Psychology of Extraordinary Beliefs: Behind the Belief: Lizard People
  3. Like QAnon's Capitol rioters, the Nashville bomber's lizard people theory is deadly serious
  4. Public Policy Polling (2013): Republicans More Likely To Subscribe to Government Conspiracy Theories
  5. Warum glauben Menschen an Verschwörungstheorien?
  6. Georgacopoulos, C. (2020): Why We Fall for Conspiracies? How do conspiracies spread, and why do we believe them?
  7. American Psychological Association (2023): Why some people are willing to believe conspiracy theorie?
  8. Bowes, M. S. et al. (2023): The Conspiratorial Mind: A Meta-Analytic Review of Motivational and
    Personological Correlates

Weider Deeler aus eiser Serie

Chemtrails um Himmel: Waasserdamp an Ofgasen oder awer Klima- a Gedankekontroll?
Flat Earth - D'Renaissance vun der Äerd als Scheif?