Den Ugrëff vum 11. September 2001 op de World Trade Center huet bal 3.000 Leit d'Liewe kascht. Wat do genee geschitt ass, do ginn et verschidden Theorien.

An eiser Serie iwwert d'Verschwörungstheorië geet et dës Woch ëm d'Attentat vun 9/11.

Viru bal 22 Joer koum et zu engem Virfall, dee weltwäit schockéiert huet. Den 11. September hunn Islamiste vun Al-Qaida véier Fligeren entfouert a fir Selbstmordattentater genotzt. 19 Attentäter sollen involvéiert gewiescht sinn. Zwou vun de Maschinne sinn an d'Twin Towers zu New York geflunn an hunn d'Tierm zum Astierze bruecht. Den drëtte Fliger ass iwwert dem Pentagon erofgaangen an huet hei e Groussbrand ausgeléist. De véierte Fliger ass zu Pennsylvania ofgestierzt nodeems Passagéier géint d'Entféierer gekämpft hunn. Bal 3.000 Leit si bei dësem Attentat gestuerwen.

RTL

Dëst Attentat war fir d'USA Grond genuch, Afghanistan an dem Taliban-Regime de Krich ze erklären. Uganks Oktober hunn d'Amerikaner an d'Englänner ugefaangen, Afghanistan iwwert d'Loft unzegräifen. Den Al-Qaida -Chef Osama bin Laden iwwerdeems huet gläichzäiteg opgeruff an de Krich géint d'Judden an d'Chrëschten ze zéien. Dësen ass 2011 vun amerikaneschen Zaldoten erschoss ginn.

D'Attentat vum 11. September zu New York an d'Krichserklärung vun den USA, mee och déi ganz Onsécherheet ronderëm war fir Verschwörungstheoretiker wéi Fudder. Zu 9/11 gëtt eng ganz Partie Theorien. An dësem Artikel ginn dräi Verschwörunge méi genee ënnert d'Lupp geholl.

Vun amerikanescher Regierung geplangt?

D'Haapttheorie vun dësem Attentat ass, dass 9/11 an iergendenger Form en Insidejob war. Also "dass die Regierung von den Anschlägen im Vorfeld gewusst und sie nicht verhindert hat. Oder sogar aktiv in die Anschläge verwickelt war", wéi den Historiker an Autor Garrett Graff der Tagesschau am Interview erzielt huet. Hien huet e Buch mat Zäitzeien iwwert den 11. September 2001 verëffentlecht.

D'Attentäter konnte méi spéit identifizéiert ginn. Ënnert hinne waren och dräi Männer, déi an Däitschland gelieft hunn. Si waren alleguer Deel vun engem Frëndeskrees, deem och de Mohammed Haydar Zammar ugehéiert huet. Dëse soll seng Frënn fir den Dschihad, also de Kampf géint "déi Ongleeweg", begeeschtert hunn. Den 11. September 2001 sinn dunn de Mohammed Atta mam éischte Fliger an de Marwin Al-Shehhi mam zweete Fliger an d'Twin Towers geflunn. Den Ziad Jarrah sollt de Fliger eigentlech an de Kapitol steieren. Passagéier konnten dëst awer verhënneren an d'Maschinn ass iwwer Pittsburgh erofgefall. Si alleguer waren Dschihadisten.
 
Fënneft Haaptverdächteger goufen ugeklot, fir d'Attack vum 11. September organiséiert ze hunn. De Kapp vun der Band ass de Khalid Sheikh Mohammed gewiescht.

RTL

De Khaled Sheikh Mohammed 2003 am Prisong

Hien setzt bis haut zu Guantanamo am Prisong. D'Ënnersichungen hunn erginn, dass hien dem Osama Bin Laden, dem Kapp vun Al-Quaida, d'Iddi fir d'Attentat virgeluecht huet. De Bin Laden huet dem dësem dunn den Akkord ginn, d'Dot ze plangen.

Dass déi amerikanesch Regierung dohannert stieche soll, gëtt vun de Wëssenschaftler allgemeng als onwarscheinlech ageschat.

Keng Fligeren, mee kontrolléiert Sprengung?

Nieft der Theorie, d'USA géif selwer hannert dem 9/11-Attentat stiechen, gëtt dann och behaapt, et wier ni e Fliger an d'Tierm vum World Trade Center geflunn. D'Tierm wieren zwar zesummegefall, dat awer net wéinst engem externen Impakt. Eng Partie Verschwörungstheoretiker gleewen nämlech drun, dass d'Tierm kontrolléiert gesprengt goufen.

Hei zou zirkuléiert och e Video am Internet, dee weise soll, dass keng Fligeren ze gesi sinn. Dëse Video gouf awer manipuléiert. Um Original vum US-amerikanesche Fernseesender CNN ass nämlech ze gesinn, dass nodeems den éischten Tuerm scho getraff war, e weidere Fliger riicht an den zweeten Tuerm flitt.

E weidert Argument ass, dass esou Héichhaiser net wéinst engem Feier astierze kéinten. D'Hëtzt déi bei esou engem Brand entsteet, wier net héich genuch fir d'Stol schmëlzen ze loossen, wéi eng Partie Architekten erklären. Bei engem Feier mat Kerosin géif et maximal 1.000 Grad Celsius waarm ginn, Stol géif awer réischt bei 1.500 Grad schmëlzen.

Dat ass och richteg. Experimenter an eng Partie Etudë konnten awer beleeën, dass d'Hëtzt duerch den Aluminium vum Fliger a Kombinatioun mat Stol däitlech méi héich klamme kann. Dës weidere géif Stol scho bei 500 Grad 50 Prozent vu senger Drokraaft verléieren a bei 1.000 Grad wieren et 90 Prozent. Esou, dass beluecht gouf, dass d'Tierm duerch d'Feier an d'Hëtzt hu konnten zesummestierzen.

Et muss een awer och bedenken, dass duerch den Opprall vun den zwee Fligeren an den Tierm och wichteg statesch Elementer getraff goufen an et doduerch zu staarke Schied komm ass. Wei weider Experten erklären, wier et quasi net méiglech déi Quantitéit u Sprengstoff an d'Twin Towers eranzebréngen an ze placéieren, ouni dass d'Leit et matkréien. Sou dass eng geplangte Sprengung zimmlech onwarscheinlech ass.

Hei gesäit een, wéi ee vun den Tierm zesummefällt.

Pentagon gouf net ugegraff?

Nieft den zwee Fligeren, déi an d'World Trade Center geflu sinn, ass och eng Maschinn direkt iwwert dem Pentagon erofgaangen. Dat bezweiwelen awer eng Partie Verschwörungstheoretiker. Op der Videoiwwerwaachung wier nämlech net ze gesinn, wéi e Fliger an de Pentagon flitt. Ma och heivir gëtt et eng einfach Erklärung.

D'Iwwerwaachungskamera vum Pentagon soll deemools nëmmen ee Bild pro Sekonn opgeholl hunn. De Fliger ass mat enger Geschwindegkeet vun 200 Meter pro Sekonn an d'Gebai geflunn. Dass net méi Iwwerreschter vum Fliger ze gesi waren, huet domat ze dinn, dass sech de Fliger duerch déi deck Maueren an d'Betonsseile quasi pulveriséiert huet.

Beim Opprall vum Fliger am Pentagon koum et zu enger Explosioun an zu engem Groussbrand. Bal 200 Leit sinn heibäi gestuerwen.

RTL

Theorie wäit hiergeholl

Bis haut sinn dës Verschwörungstheorië besonnesch an den USA am Ëmlaf. Dat och net ouni Grond, wéi den Autor Graff am Interview mat tagesschau.de erkläert: "Die USA sind wie kaum ein anderes Land traditionell anfällig für religiöse Eiferer. Bis zu den Gründungsvätern der Vereinigten Staaten sind diese fanatischen Züge zurückzuverfolgen, die häufig zu Verschwörungstheorien geführt haben. Das können wir in allen Bereichen der Politik beobachten über Generationen hinweg."

Bei dësen Theorië ginn et zwar keng honnertprozenteg Beweiser. Et kann een awer festhalen, dass genuch Bildmaterial an Aenzeie confirméieren, dass Fligeren an d'Twin Towers geflu sinn. Dass d'Tierm gesprengt goufen, hale souwuel Architekte wéi aner Experte fir onwarscheinlech. An de Pentagon gouf ugegraff. Dass keng Iwwerreschter vum Fliger ze gesi sinn, huet domat ze dinn, dass de Fliger sech beim Opprall quasi pulveriséiert huet.

Weider Deeler aus eiser Serie

Chemtrails um Himmel: Waasserdamp an Ofgasen oder awer Klima- a Gedankekontroll?
Flat Earth - D'Renaissance vun der Äerd als Scheif?
"I am the Lizard King": Echse-Mënschen - Reptiloiden, déi d'Geschécker vun der Welt solle leeden
Fräimaurer, Bilderberg & Co.: Wat stécht hannert de geheime Societéiten?
Net just bei Corona - Impfung: Géint Krankheet schützen oder eis muttwëlleg ëmbréngen?