An de soziale Medien huet eng Persoun nom reale Grond gefrot, wisou een déi dräi éischt Méint beim Staat keng Pai kritt.

Mir hu beim Ministère de la Fonction publique, dee jo fir d'Leit, déi beim Staat schaffen, zoustänneg ass, nogefrot, wat et mat dëser Ausso op sech huet.

E groussen Ënnerscheet zum Privatsecteur ass, datt d'Mataarbechter vum Staat virbezuelt ginn, heescht, si kréien d'Suen, éier de Mount ugeet, wärend d'Leit am Privaten d'Suen um Enn vum Schaffmount kréien. "Et ass awer och esou, dass déi éischt Pai am Prinzip um Enn vum éischte Mount ausbezuelt gëtt, zesumme mat der Pai vum Mount dono", heescht et als Prezisioun aus dem Ministère.

A wisou een dann ee Mount op seng Pai muss waarden, huet en administrative Grond: "Dëse Prozess ëmfaasst d’Iwwerpréiwung vun der Vollstännegkeet vum Dossier, d'Erfaassung vun den Donnéeën an d’Validatioun vum Dossier duerch de Finanzkontroller." Dat heescht, et gëtt gekuckt, ob de Mataarbechter an deem seng Virgesetzt all déi méiglech Donnéeën an Informatiounen agereecht hunn an den Dossier komplett ass.

Et kann effektiv zu Verzögerunge kommen

Falls den Dossier nämlech net komplett ass, kann d'Pai net ausbezuelt ginn. Bis zum 10. vum Mount mussen all d'Donnéeën agereecht gi sinn, fir datt um Enn vum Mount d'Pai ausbezuelt ka ginn. "Wann de CGPO den Dossier no deem Datum kritt, da kann d’Pai eréischt dee Mount drop ausbezuelt ginn," präziséiert de Minister fir den ëffentlechen Déngscht.

Als Beispill: Wann dem Mataarbechter, deen den 1. Oktober beim Staat ugefaangen huet, säin Dossier den 10. Oktober net komplett ass, kritt hien Enn Oktober seng Pai net iwwerwisen, mä kritt déi Suen eréischt Enn November. Well Enn November awer schonn d'Pai vum Dezember ausbezuelt gëtt, kritt de Mataarbechter zu deem Moment dräi Paie mateneen iwwerwisen: Déi vu sengem éischt Schaffmount Oktober esou wéi déi vum zweete Schaffmount November, déi béid net Enn Oktober konnten ausbezuelt ginn, well den Dossier den 10. Oktober net komplett war, esou wéi déi vum Dezember, déi regulär Enn November sollt ausbezuelt ginn.

Beim Wiessel vun ëffentlech op privat muss een och op Pai waarden

Beim Staat gëtt een, wéi schonn erkläert, virbezuelt a beim private Patron nobezuelt. Sollt een da vum Staat an de Privatsecteur wiesselen, entsteet och e Lach. Eng Persoun, déi den 1. Juli beim Privatpatron ufänkt a virdru beim Staat war, kritt d'Pai vum Juni, dem leschte Schaffmount beim Staat, Enn Mee. Déi nächste Pai beim Privatpatron gëtt dann awer eréischt Enn Juli ausbezuelt, well een do als éischt muss geschafft hunn, éier ee seng Pai kritt.

Bei de Pensioune vun de Mataarbechter beim Staat verléiert een iwweregens kee Mount. "D’Pensioune ginn och am viraus bezuelt, esou dass beim Wiessel an d’Pensioun kee Lach entsteet", esou nach d'Prezisioun vum Ministère.

Als Fazit kann ee soen: Nee, u sech muss ee beim Staat net dräi Méint op seng éischt Pai waarden. Awer, sollten den Dossier bis zum 10. vum éischte Mount net komplett sinn, gëtt een och dann net bezuelt, mä kritt dann um Enn vum 2. Mount dräi Paien zesummen: Déi vun den zwee Méint, déi ee scho geschafft huet, esou wéi d'Virbezuelung,fir den drëtte Mount.