Op enger Konferenz am Wäissen Haus huet de President Donald Trump gesot, dass Paracetamol an der Schwangerschaft an Impfungen zu Autismus bei Kanner féiert. Dat ass net richteg, sou Lëtzebuerger Dokteren.

Zesumme mam US-amerikanesche Gesondheetsminister Robert F. Kennedy Jr. huet den US-President Donald Trump den 22. September eng Konferenz am Wäissen Haus gehalen. Hei huet hie schwanger Frae gewarnt: De Gebrauch vun Tylenol wärend der Schwangerschaft soll däitlech ageschränkt ginn, ausser an urgente Fäll, wéi héijem Féiwer. Tylenol ass e Medikament géint Péng mam Wierkstoff Acetaminophen, dëst ass identesch mam Paracetamol, deen an Europa bekannt ass. Eng schwanger Fra, déi wärend der Schwangerschaft Tylenol respektiv Paracetamol anhëlt, géif domat de Risk erhéijen, en autistesch Kand ze kréien. "Tylenol ass net gutt. Ech soen et ganz oppen. Net gutt", sou eng Ausso vum Trump bei der Konferenz.

D'Pressekonferenz mam Donald Trump vum 22. September 2025.
Hei seet hien ënnert anerem, dass Paracetamol wärend der Schwangerschaft zu Autismus bei de Kanner féiert.

Et hätt een och d'FDA, also d'Administratioun fir Liewensmëttel a Medikamenter, domat beoptraagt, d'Dokteren ze informéieren, dass Paracetamol just nach an Ausnamefäll u schwanger Frae soll verschriwwe ginn.

Wärend dëser Konferenz huet den US-President och vun der Impfung géint Hepatitt bei klenge Kanner ofgeroden. Och doduerch solle Kanner Autismus entwéckelen.

Lëtzebuerger Dokteren a WHO wiere sech

Den 23. September 2025 huet d'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) zu Genf Stellung geholl. De WHO-Spriecher Tarik Jašarević huet betount, dass déi aktuell wëssenschaftlech Donnéeën iwwer en Zesummenhang tëscht Paracetamol an der Schwangerschaft an Autismus inkonsistent wieren. Et géif also keen zouverlässege Beweis ginn, deen eng kausal Relatioun tëscht Paracetamol an Autismus ënnerstëtzt.

Déi selwecht Reaktioun kënnt vu Lëtzebuerg. De Gynekolog a President vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Gynekologie (SLGO) Pit Duschinger seet: "Dat ass ni wëssenschaftlech beluecht ginn. Dat schéngt totale Blödsinn ze sinn." Et sollt ee mat esou Aussoe virsiichteg ëmgoen a sech net onnéideg opreege loossen, sou de Rot vun der SLGO.

Och d'Kannerdoktesch Michèle Kayser-Wengler ka mat dësen Aussoe vum US-President näischt ufänken. Paracetamol wier dat bescht Medikament, fir héije Féiwer an Entzündungen ze behandelen. "Dat ass total harmlos a schuet weder der Fra, nach dem ongebuerene Puppelchen."

Dat selwecht betrëfft dem Donald Trump seng Ausso iwwert Impfunge bei klenge Kanner. "Dat si Fake news, wéi vill Saachen, déi den Här Trump vu sech gëtt", sou d'Kannerdoktesch, "déi si wëssenschaftlech einfach net fundéiert a kënne mat der Wëssenschaft einfach net mathalen."

D'WHO huet dës Meenung: Impfunge verursaache keen Autismus. Dëst Mëssverständnes geet zeréck op eng Etüd aus den 1990er Joren, déi méi spéit als feelerhaft ofgestempelt an zréckgezu gouf, erkläert de Spriecher vun der WHO zu Genf. Zanterhier hu vill grouss a seriéis Etüden ëmmer nees dat selwecht gewisen: Keng Impfung féiert zu Autismus. D'WHO an och d'amerikanesch Gesondheetsautoritéit CDC ënnersträichen dat ëmmer erëm.

An och d'FDA reagéiert op d'Aussoe vum Trump. Zwar hu si eng Warnung op hirer Websäit publizéiert, wou viru Paracetamol respektiv Tylenol wärend der Schwangerschaft gewarnt gëtt, liest een awer de ganze Statement, sou steet do Folgendes:

"Et ass wichteg ze bemierken, dass zwar en Zesummenhang tëscht Acetaminophen an neurologesche Konditiounen a villen Etüde beschriwwe gi sinn, et awer keng kausal Relatioun festgestallt konnt ginn an et ginn och géigesätzlech Etüden an der wëssenschaftlecher Literatur. Et soll och bemierkt ginn, dass Acetaminophen dat eenzegt fräi verkeeflecht  Medikament ass, dat fir d'Behandlung vu Féiwer an der Schwangerschaft zougelooss ass, an héicht Féiwer bei schwangere Frae ka fir hir Kanner e Risk duerstellen. Zousätzlech hunn Aspirin an Ibuprofen däitlech dokumentéiert negativ Auswierkungen op de Fötus."

Firwat ass et iwwerhaapt problematesch, sech op ee bestëmmte Medikament als méiglech Ursaach ze fixéieren?

Autismus ass eng komplex Stéierung, déi vu ville verschiddene Facteuren ofhänkt. D'Fuerschung weist, dass ongeféier 80 Prozent Risk duerch verierft Gene kann erkläert ginn. Déi eenzel Gene spillen nëmmen eng kleng Roll fir sech, eréischt an hirer Kombinatioun gëtt de Risk méi grouss. Dobäi kënnen och Aflëss aus der Ëmwelt eng Roll spillen, wéi e bestëmmte Verlaf vun der Schwangerschaft, eng Schwangerschaft am méi héijen Alter oder och d'Loftverschmotzung. Mee keen eenzege Facteur eleng kann als Ursaach ugesi ginn.

RTL

Hei gesäit ee kloer, wéi eng Facteuren zesummespillen kënnen, fir dass et bei engem Kand zu Autismus kënnt. / © Screenshot aus Publikatioun BMC Medecine

Dofir ass et aus wëssenschaftlecher Siicht net richteg, Paracetamol oder en anert Mëttel als Haaptgrond fir Autismus duerzestellen.

Mee wéi koum den Trump op déi Behaaptung?

Zënter Joerzéngte geet d'Zuel un Autismus-Diagnose bei Kanner an den USA an d'Luucht. Am Joer 2022 gouf bei engem vun 31 Kanner Autismus festgestallt, am Joer 2000 war et nach ee Kand vun 150, sou d'Zuele vum US-Zentrum fir Krankheetskontroll a Preventioun (CDC). De Gesondheetsminister Robert F. Kennedy Jr. hat virun e puer Méint Drock gemaach, fir eng Erklärung fir dës "Autismus-Epidemie", wéi hie se genannt huet, ze fannen. De Gesondheetsministère huet doropshin am Abrëll 2025 eng "massiv Test- a Fuerchungsphase" an d'Weeër geleet a wollt bis September Resultater bréngen.

Et war dunn den 21. September op der Trauerfeier vum Charlie Kirk, dee bei engem ëffentlechen Optrëtt erschoss gouf, wéi den Trump verkënnegt huet, et hätt ee wuel "eng Äntwert op Autismus" fonnt. An een Dag drop, den 22. September 2025, huet den Donald Trump dunn seng Konferenz gehalen, wou déi Aussoe gefall sinn.