
Déi deemoleg Inneministerin Taina Bofferding (LSAP) hat dëst Policereglement net guttgeheescht an d’Stad Lëtzebuerg hat beim Verwaltungsgeriicht Recours géint déi Decisioun gemaach.
Als eng vun sengen éischten Amtshandlungen huet den neien Inneminister Léon Gloden (CSV) d’Decisioun vu senger Virgängerin réckgängeg gemaach an d’Policereglement guttgeheescht, op Basis vun deem d’Police vum 15. Januar un an der Stad Heescheleit protokolléiert. Dat mam Argument, de Code pénal géif d’Heescherei, och déi einfach, verbidden. Dat sot hien ënnert anerem an der Emissioun Kloertext déi lescht Woch.
Am Kapitel IV vum Code pénal, wéi en den Ament applicabel ass, geet et ëm “d’contraventions de quatrième classe”, also Verstéiss. Do steet de Moment am Artikel 563: “Seront punis d’une amende de 25 euros à 250 euros : (…)
6° (1) Les vagabonds et ceux qui auront été trouvés mendiants.
Alinéa abrogé ( L. 29 août 2008 ) (…)”
An der Foussnott, déi also zum éischten Abschnitt vum Punkt 6 gehéiert, steet, et wier duerch e Feeler 2008 ofgeschaaft ginn a géif dohier net vun de Geriichter applizéiert: “Loi du 29 août 2008: ‘A l’article 563 du Code pénal, le point 6 du deuxième alinéa est supprimé.’ Il s’agit vraisemblablement d’une erreur de formulation car il n’a jamais existé d’alinéa 2 à l’article 563. Il se dégage des travaux préparatoires de la loi que le législateur voulait en réalité non pas abolir le point 6 de l’alinéa 2, mais l’alinéa 2 du point 6. Les autorités judiciaires considèrent que le point 6 a été abrogé dans son intégralité.”

Mam Gesetz vum 29. August 2008 iwwert d’Beweegungsfräiheet an d’Immigratioun sollt also den zweeten Abschnitt vum Punkt 6 ofgeschaaft ginn. Do dran goung et ëm d’Méiglechkeet, Leit iwwert d’Grenz ze setzen. A wéi et an de Commentairen zu den Artikele vun deem Projet de loi heescht, wier dat net méi zäitgeméiss gewiescht: “Les références à la reconduite à la frontière des étrangers prévues aux articles 346 et 563 du Code pénal sont supprimées, alors qu’elles ne cadrent plus avec la terminologie et l’esprit de la nouvelle loi.”
Ma amplaz vum zweeten Abschnitt vum Punkt 6 gouf de Punkt 6 vum zweeten Abschnitt gestrach, also de Punkt 6 am Ganzen, wou vun der Heescherei riets ass.
Zanterhier hunn d’Justizministere vun de verschiddene Regierungen d’Situatioun esou interpretéiert, datt déi einfach Heescherei ofgeschaaft ass. Och d’Ministere vun der CSV, déi dat an der Vergaangenheet also net a Fro gestallt hunn.

Ma méi spéit an der nämmlechter Reunioun sot hien, se wier duerch d’Gesetz vun 2008 ofgeschaaft an d’Geriichter géifen dat esou applizéieren: “Les organes relevant du pouvoir judiciaire, pouvoir indépendant, appliquent le texte de loi dans la teneur telle qu’il a été publié au Mémorial, Journal Officiel. En d’autres termes, le fait de la mendicité simple a été abrogé.”
An der nämmlechter Reunioun waren dann och Vertrieder vun der Justiz. Dorënner d’Martine Solovieff, procureure générale d’État. Si sot kloer an däitlech, déi einfach Heescherei géif net méi ënnert de Code penal falen: “Elle souligne que la mendicité simple ne tombe plus sous le coup de la loi pénale depuis l’entrée en vigueur de la loi du 29 août 2008. Il convient de préciser que les autorités judiciaires appliquent les lois telles que publiées dans le Mémorial, le Journal Officiel édité par le Service central de Législation.”
Si weist och drop hin, datt de Procureur général d’État schonn am November 2009 dem Direkter vun der Police geschriwwen hat, fir op dee Changement opmierksam ze maachen.

De Stater Schäfferot an den Inneminister Léon Gloden soen, dat neit Policereglement vun der Stad Lëtzebuerg wier drop ausgeriicht, fir géint déi “aggressiv” oder “organiséiert” Heescherei virzegoen. Déi war awer scho virdru am Stater Policereglement verbueden. An am Artikel 42 heescht et dowéinst elo: “toute autre forme de mendicité est également interdite (…).” Dobäi berifft sech d’Stad Lëtzebuerg op hirem Site explizitt op den Artikel 563 Punkt 6 - mä léisst awer dobäi d’Foussnott op der Säit, déi erkläert, e wier ofgeschaaft.

D’Police misst deemno all Heescherei ënnerbannen, sou huet dat d’Presidentin vun der Policegewerkschaft mol verstanen. Si sot e Méindeg de Moie bei RTL: “Mir dierfe keen Ënnerscheed maachen.” Justement, well d’Policereglement vun der Stad keen Ënnerscheed mécht, wuelverstanen op deenen designéierte Plazen, wou et vun Moies 7.00 bis Owes 22.00 verbueden ass, ze heeschen.
Een Argument vun der Oppositioun, souwuel an der Chamber wéi an der Stater Märei, ass, datt déi aggressiv voire déi organiséiert Heescherei souwisou am Code penal verbueden ass, d’Police do also eng juristesch Basis huet, fir dogéint virzegoen. An den Artikelen 342 bis 346 ass effektiv d’Heeschen a Verbindung mat verschiddene Verhalensweise verbueden. Sou däerf een net einfach éierens eragoen, kee menacéieren, respektiv keng Krankheet oder Blessure virtäuschen.

An den Artikel 382-1 verbitt och de Mënschenhandel am Zesummenhang mat Heescherei, also ënnert anerem, Leit ze rekrutéieren oder ze transportéieren, fir se heeschen ze loossen.
