Wéi kann een aggressiivt an “normaalt” Heeschen ënnerscheeden? Gëtt et méi Aarmut oder zitt Lëtzebuerg Heescherten un?

D'Heescheverbuet: Ee Sujet deen den Iwwergang vun 2023 op 2024 gemaach huet an deen dëst Joer mat Vandalismus beim Inneminister Gloden eng weider Dimensioun krut.

Ass Heescherei eng Belästegung oder ee Mënscherecht? Geet ee mam Heescheverbuet géint déi Aarm am Plaz géint d'Aarmut vir?

Am Studio beim Caroline Mart souzen: den Inneminister Léon Gloden (CSV), seng Virgängerin Taina Bofferding (LSAP), déi fréier Justizministesch Sam Tanson (déi Gréng) an de Fernand Kartheiser (ADR).

Wéi komplex de Sujet ass, huet am Sträitgespréich eleng de Volet iwwer déi verschidde juristesch Aspekter, Argumenter an Definitioune vun de verschiddene Forme vu Mendicitéit gewisen. Oder nach d'Fro, wat iwwer Reglement kann oder iwwer Gesetz muss gereegelt ginn.

Vum Inneminister war et nach emol d'Prezisioun, dass hien et net op déi normal Heescherten ofgesinn huet, mä virun allem op déi organiséiert kriminell an aggressiv Heescherei.

Fir déi fréier Inneministesch Taina Bofferding hätt den aktuelle Minister Léon Gloden besser gehat, dem Verwaltungsgeriicht net mat senger Decisioun zu Gonschte vum Stater Policereglement virzegräifen. Da wier Villes méi kloer gewiescht. Sie wier op alle Fall enttäuscht vum neien Inneminister.

De Léon Gloden sot, dass déi viregt Regierung verpasst hätt, dat Néidegt ze maachen. Och fir de Fernand Kartheiser vun der ADR war Blo-Rout-Gréng inaktiv.

Dat stëmmt net, seet d’Sam Tanson. Dat géifen eleng d’Chifferen ënnermaueren iwwert all d'Polizisten, déi ënnert dem grénge Minister Kox agestallt goufen.

Gemeinsam war u sech nëmmen de Constat, dass ee weider méi géint Aarmut am Land muss maachen.

Fir de Rescht war ee sech eens, dass ee sech net eens ass, bei engem Sujet, deen an all Aspekt komplex ass. Dat huet am Debat och de Volet gewisen, wéi wäit Kultur a Satire bei all de verschiddene Facetten dierfe goen.

Vum Inneminister war et nach d'Prezisioun, dass een un engem neie méi realitéitsnoen Text iwwert de Platzverweis schafft. Detailer gouf et awer keng.

D'Invitéeën am Kloertext

Taina Bofferding

Fréier Inneministesch

LSAP-Fraktiounscheffin

RTL

© Eric Steichen

Léon Gloden

CSV-Innen a Police-Minister

RTL

© Eric Steichen

Sam Tanson

Fréier Justizministesch

Spriecherin Sensibilité Politique déi Gréng

RTL

© Eric Steichen

Fernand Kartheiser

ADR-Deputéierten

RTL

© Eric Steichen

De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.