Police huet um Méindeg de Moien éischt Kontrollen duerchgefouert
Och e Grupp vun Aktivisten huet sech an der Stad getraff fir ze suivéieren, wéi d'Police d'Heescheverbuet elo ëmsetzt.
Et si Minusgraden e Méindeg de Moien. Um Boulevard Royal bei der Tramsstatioun läit e Schlofsak an Decken um Buedem. Donieft ass e Schëld ze gesinn, op deem steet: "Bonjour je suis SDF, s'il vous-plaît, aidez-moi". Zanter Enn leschtem Joer ass esou en Appell per Policereglement vun der Stad Lëtzebuerg verbueden. Op der Strooss ëm finanziell Hëllef froen, däerf een net méi. Bis haut huet d'Police d'Heescherten awer just iwwert déi nei Reglementatioun informéiert. Elo wäert een der Ukënnegung no an déi repressiv Phas iwwergoen.
E Méindeg de Moie war effektiv eng Patrull vu ronn fënnef uniforméierte Polizistinnen a Polizisten an engem Policehond an der Uewerstad ënnerwee. Dat hunn eis Reporter op der Plaz confirméiert. Et ass 10.30 Auer, wéi si op e Schlofsak um Buedem duerginn. Ee Beamten hockt sech nidder. Riicht d'Wierder un de Koup un Decken. Eng Persoun, nee zwou Persounen, kommen ënnert dem ville Stoff ervir. Aus dem Schlof gerappt. Op Nofro hi sot d'Koppel no der Policekontroll, dass si zanter véier Méint op der Strooss lieft, well de Mann seng Aarbecht verluer hätt. Eréischt rezent wiere si aus Frankräich op Lëtzebuerg komm. De Polizist hätt hir Nimm notéiert an hinne gesot, dass se net do bleiwen dierften. Eng Strof gouf et dëse Méindeg awer nach net.
Et waren Zeene wéi dës, wéinst deene sech e Méindeg de Moien um 9.30 Auer e Grupp vun Aktivisten um Hamilius getraff huet. "Mir spille Police vun der Police", geckst ee vun de Männer. Ma de Sujet ass eescht. Vill gëtt diskutéiert doriwwer, wéi d'Police d'Heescheverbuet elo wëll ëmsetzen. Wéi d'Beamte sollen ënnerscheeden. Schliisslech géing dach ëmmer nees widderholl ginn, et géing ëm aggressiivt Heeschen oder Heeschen a Bande goen. D'Sans-abrien e Méindeg de Moie waren op alle Fall weder aggressiv nach eng organiséiert Band. Um 12.30 Auer stoung just nach hiert Gepäck op der Plaz, wou si geschlof hunn. D'Leit waren net méi do.
"D'Polizisten hu sech ganz korrekt vis-à-vis vun de Leit beholl", erkläert de Serge Kollwelter, Aktivist a Matorganisator vun der Aktioun. Keng dankbar Aarbecht och fir d'Beamten. De Grupp vun Aktivisten huet bei hirem Tour duerch d'Stad dann och nach aner Sans-abrien ugeschwat, déi si dee Moien op der Strooss begéint hunn. E Grupp vu Jonken op der Theaterplaz, deen awer net geheescht huet, krut gesot, se solle sech roueg halen, seet ee vun den Aktivisten no sengem Tour. Zwee anerer bei der Avenue de la Porte Neuve hätte gesot kritt, d'Police géing hinnen d'Reglement vun der Stad ausdrécken a laanschtbréngen.
"Mir wollte kucken, wéi d'Heescheverbuet haut ëmgesat gëtt", seet de Guy Foetz vun Déi Lénk. Ob Leit géinge festgeholl ginn a mat op d'Kommissariat geholl ginn. Hie kritiséiert, dass den Inneminister Léon Gloden net d'Verwaltungsgeriicht tranchéiere gelooss huet, ob d'Heescheverbuet an där Form rechtméisseg wier oder net.
Géint Mëtteg ware sech d'Aktivisten eens, dass nach net dat ëmgesat gi wier, wat d'Stad Lëtzebuerg ugekënnegt hat. Eng wierklech grouss Policeaktioun wier glécklecherweis ausbliwwen. Ma et huet een trotzdeem Bedenken: "Wat ass muer?"
Erklärunge vum Marlène Negrini, Presidentin vun der Policegewerkschaft SNPGL
D'Heescheverbuet seet, datt op verschiddene Plazen a Stroossen an der Uewerstad an op der Gare tëscht moies 7 an owes 22 Auer all Form vun heesche verbueden ass. Also ass d’Police ugehalen, all Heeschert ze verbaliséieren, sot eis d’Marlène Negrini, Presidentin vun der Policegewerkschaft SNPGL. Leider géifen d’Artikele kee Spillraum zouloossen – keen dierft do sëtzen a Sue froen - an d’Polizisten dierfte keen Ënnerscheed maachen tëscht aggressiven Heescheleit oder deene rouegen zum Beispill.
U sech ass jo ëmmer nees betount ginn, datt déi organiséiert oder aggressiv Heescheleit viséiert sinn. Mä wéi gesot mécht den Text do keen Ënnerscheed.
Mathuele géif een déi, déi heeschen, awer net. Ausser si wäre voll, géifen d’Leit upöbelen oder hënneren. E Protokoll gëtt geschriwwen. Wann een net kéint bezuelen, géif et op d’Geriicht goen an da wär et um Riichter ze decidéieren, wat en domadder mécht.
Schreiwes vun der Police
Plan d’action de la Police destiné à renforcer la présence policière dans les quartiers Gare, Bonnevoie et Ville-Haute
Eu égard au sentiment d’insécurité parmi la population, la Police a mis en place un plan d’action qui renforce la présence policière dans les quartiers Gare, Bonnevoie et Ville-Haute à Luxembourg.
Le plan d’action a pour but d’assurer la sécurité et la salubrité publiques et vise principalement les phénomènes liés au trafic de stupéfiants, l’immigration clandestine, le contrôle d’accès des immeubles et bâtiments publics et la mendicité organisée voire agressive.
Suite à la phase de sensibilisation, le phénomène de la mendicité organisée voire agressive, tel que visé par les autorités communales (voir flyer de la Ville de Luxembourg), sera ciblé dans un premier temps à partir de ce lundi 15 janvier 2024. Les contrôles proactifs de la Police se feront aux emplacements et pendant les créneaux horaires définis dans le règlement de police modifié de la Ville de Luxembourg.
La présence policière sera progressivement renforcée tous les jours, donc 7j/7, surtout entre 07h00 et 20h00 dans les quartiers Gare, Bonnevoie et Ville-Haute. Le but est d’assurer grâce à ce dispositif supplémentaire une présence régulière et visible dans les quartiers cités. La présence policière renforcée se fera sous forme de patrouilles pédestres préventives et répressives.
Le présent plan d’action a été établi en collaboration étroite avec le ministère des Affaires intérieures et la bourgmestre de la Ville de Luxembourg. Il sera adapté en fonction de l’évolution de la situation et analysé à intervalles réguliers.
À noter que toutes les interventions urgentes ainsi que l’accueil du citoyen à Luxembourg continueront d’être assurés par les unités respectives comme prévus.