Abroch bei Police judiciaireReporter.lu mellt Déifstall vu Schosswaff, Gebai soll keng Alarmanlag hunn

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Parquet mellt, koum et an de Gebailechkeete vun Police judiciaire, an der Cité policière um Findel, zu engem Abroch an der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg.
D'Cité policière um Findel.
D'Cité policière um Findel.
© Police Lëtzebuerg

Rieds geet vun enger Persoun, déi sech Accès verschaaft hätt. De Parquet huet eng Enquête lancéiert. Déi genee Ëmstänn, d'Identitéit vum presuméierte Brigang an d'Konsequenze vum Abroch si Géigestand vun dëser.

Ob Saachen oder Dokumenter geklaut goufen, geet aus dem Schreiwes net ervir.

Wéi Reporter.lu mellt, soll de Brigang eng Schosswaff matgoe gelooss hunn, grad wéi Munitioun fir dës. Hien hätt eng Fënster ageschloën a wier zimlech einfach an d'Gebailechkeeten erakomm, well keng Alarmanlag installéiert war. Et géif och no engem 31 Joer ale Mann gesicht ginn. Och dat gëtt awer am Communiqué vum Parquet net confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO