
3,6 Prozent vun den infizéierte Persoune goufen hospitaliséiert. 0,7 Prozent si gestuerwen.
Dëst sinn Zuelen, déi an enger detailléierter Analys am Wëssenschaftsmagasinn “Science” publizéiert goufen.
Mortalitéit
Bei der Mortalitéit gëtt et, jee no Alter, ganz grouss Ënnerscheeder. Persounen ënner 20 Joer hunn e Risiko vu 0,001 Prozent duerch eng Infektioun mam Virus ze stierwen. Bei Mënschen iwwer 80 Joer läit den Taux bei 10,1 Prozent. Ronn 60 Prozent vun den Doudesaffer ware Männer.

Immunitéit
9,1 Prozent vun de Mënschen, déi am Grand Est liewen, wieren am Kontakt gewiescht mam Virus, a ganz Frankräich ass et een Taux vu 4,4 Prozent. Dës Immunitéit géif net duergoen, fir eng zweet Well ze verhënneren, esou d’Fuerscher.

Hei kënnt Dir déi ganz Etüd liesen.
