
1,4 Tonnen Drogen, 41 Schosswaffen an 80 aner Waffe goufe saiséiert a 655 Plainte goufe geschriwwen an 348 Leit verhaft. Dobäi kommen nach 300.000 Euro, déi saiséiert goufen.
Et gouf Aktioune géint déi organiséiert Kriminalitéit a verschiddenen italieenesche Stied. Am Viséier waren ënner anerem Cannabis-Shops, well den Handel den Ermëttler no iwwer dës gelaf ass. Eng 300 Geschäfter goufen iwwerpréift. Ënnert den Drogen, déi saiséiert goufen, waren 1.370 Kilogramm Cannabis, 35 Kilo Kokain an ee Kilo Heroin.