Franséisch Presidentiellen 20221. Tour huet a Partie vun Territoires Outre-Mer schonn ugefaangen

RTL Lëtzebuerg
Den zweeten Tour ass fir den 24. Abrëll programméiert. Am ganzen trieden 12 Kandidaten un fir an den Elysée ze kommen

Den éischten Tour vun de Presidentiellen a Frankräich fänkt e Samschdeg schonn an enger Partie vun den Territoires Outre-Mer un. Gréisste Konkurrentin fir de President-sortant Emmanuel Macron ass d’Marine Le Pen vum Rassemblement National. Den Ecart tëscht den zwee Kandidaten ass an de leschte Wochen an Deeg ëmmer méi geschmolt. Ze lescht hat de lénke Politiker Jean-Luc Mélenchon an de Sondagen däitlech zougeluecht a kënnt op déi drëtte Plaz. Wann och mat däitlechem Ofstand zum Marine le Pen. Déi grouss Inconnu bleift d’Walbedeelegung.

Back to Top
CIM LOGO