
Zéngdausende Stéit zu Berlin wäerten nach bis en Donneschdeg ouni Stroum auskomme mussen, nodeems eng presuméiert lénksextremistesch Gruppéierung an der däitscher Haaptstad Bränn op der Kabel-Bréck beim “Teltowkanal” geluecht huet, sou déi zoustänneg Autoritéiten zu Berlin. E Bekennerschreiwes vun der Gruppéierung “Vulkangruppe” gëtt säitens der Police mëttlerweil ass authentesch ugesinn.
Dausenden Haiser, Appartementer, Wiertschaften, Restauranten a Geschäfter mussen zum groussen Deel ouni Heizung auskommen, dat well de Stroumausfall ganz lokal Systemer ausgeschalt huet, dat wärend enger Joreszäit an där Schnéi zu Berlin läit an d’Temperature momentan ëm 0 Grad an drënner leien.
Wéi uerg esou e Stroumausfall wärend esou vill Deeg um Stéck ass, weist d’Beispill vum Cafésbesëtzer Walter Holl, deen iwwert d’Konsequenze vun dësem Desaster erzielt. Op de Biller gesäit een, wéi de Besëtzer a senger Wirtschaft beispillsweis ouni Luucht an ouni Apparat fir ze bezuelen auskomme muss. Frigoen oder Kaffismaschinne ginn natierlech och net. “Normalerweis ass d’Kaffismaschinn ëmmer den éischte Stopp fir d’Mataarbechter hei”, sou de Walter Holl, deen elo just nach am Däischtere virun der Maschinn steet.
“Jo et ass e groussen Challenge. Haut de Muere si meng Mataarbechter ukomm a wollte schaffen, ma se konnten net. Ufangs hu se geduecht, et géif net laang daueren, ma lo wësse mer, dass et awer méi laang nach dauert. Dat heescht fir eis e grousse finanzielle Verloscht, virun allem iwwert de Weekend, wou d’Liewensmëttel ouni Killung schlecht gi sinn. Wann dat elo bis en Donneschdeg dauert, schätzen ech de Schued op tëscht 10.000 a 15.000 Euro an. Dat wäert och net ersat ginn.”
Séier kommen hei d’Biller vu Corona nees héich, en Event, deen, genee sou wéi d’Stroumpann, d’Geschäftswelt komplett brooch geluecht huet. A genee dës Angscht virum finanziellen Ausfall huet och de Berliner Walter Holl: “D’Leit si besuergt. Wéi kann dëst finanziellt Lach iwwerbréckt ginn? Mir sinn dat vu Corona gewinnt. Mir hunn do vill Verloschter missen a Kaf huelen, ma mir sinn duerch komm. Déi lescht Jore waren och net einfach. Mir konnten eis sou just iwwer Waasser halen, dat wéinst der TVA-Reduktioun. Elo musse mer kucken, wéi mer dëst Lach elo iwwerwonne kréien.”