
No engem gezielten Ugrëff op eng Kabelbréck zu Berlin ass an iwwer 40.000 Stéit a Betriber de Stroum ausgefall. D’Reparatur kéint nach Deeg daueren. Elo ass e Bekennerschreiwes vun der lénksextremer “Vulkangruppe” opgedaucht, déi sech zu der Attack bekannt huet. D’Grupp, déi dem anarchistesche Spektrum zougeuerdent gëtt, huet d’Aktioun als “Sabotage vum Gaskraaftwierk Lichterfelde” beschriwwen an als “Akt vun Noutwier a Solidaritéit” deklaréiert. Zil wier net de Stroumausfall, mee d’Bekämpfung vun der fossiller Energie-Industrie. Bei manner bemëttelte Betraffenen entschëllegt d’Grupp sech, bei Villa-Besëtzer hält sech d’Matleed “a Grenzen”.
D’Wirtschaftssenatorin Franziska Giffey huet matgedeelt, dass d’Kabelbréck um Teltowkanal mat Brandsätz beschiedegt gouf. Dobäi goufe fënnef Héichspannungs- an zéng Mëttelspannungskabelen zerstéiert. D’Police ermëttelt wéinst Brandstëftung.
Bis e Sonndeg de Moie konnt d’Stroumversuergung fir 7.000 Stéit an 150 Betriber nees hiergestallt ginn, mee déi komplett Reparatur gëtt eréischt fir en Donneschdeg erwaart.