
Nach éier de Biden vu senger Kandidatur zeréckgetruede war, gouf et e Rendez-vous tëscht den zwee Kontrahenten fir en Débat den 10. September bei ABC.
Elo hat den Trump awer annoncéiert, hie wéilt de 4. September beim erz-konservative Sender Fox News géint d’Harris untrieden. D’Chaîne huet dat dann och confirméiert.
Dem Harris sai Walkampf-Team huet den Trump kritiséiert, hien hätt Angscht virum Face-à-Face, a géing elo probéieren, sech virdrun ze zéien. Hie misst elo mat deene Spillercher ophalen a bei deem Debat opkräize, fir deen e sech schonn engagéiert hat.