17. UN-Konferenz iwwer biologesch DiversitéitNet just Ziler festleeën, mee se och ëmsetzen

Dany Rasqué
An Armenien ass den Ament déi 17. UN Konferenz iwwer d'biologesch Diversitéit, d'COP17. D'Thema dës Kéier ass "Taking Action for Nature".
D'COP17 ass vum 19. bis den 30. Oktober an der armeenescher Haaptstad Jerewan.
D'COP17 ass vum 19. bis den 30. Oktober an der armeenescher Haaptstad Jerewan.
© KAREN MINASYAN/AFP

Et geet net méi drëm, just Ziler fir den Naturschutz festzeleeën, mee se - bis 2030 - och ëmzesetzen. Bis elo ass een awer nach e gutt Stéck dovunner ewech.

Esou beschreift op alle Fall den Ëmweltminister Serge Wilmes d'Situatioun. Hien ass den Ament an Armenien an do geet et drëm, Recommandatiounen un déi Länner ze maachen, déi nach Zäit brauchen, fir hir Ziler z'erreechen.

"Wichteg ass et, datt een de Schutz vun der Natur net als eppes gesäit, wat eng Politik fir sech ass, mä et ass d'Grondlag vun all eise mënschlechen Aktivitéiten an dofir muss den Naturschutz och an all déi verschidde politesch Beräicher integréiert ginn. Dat heescht ganz Regierungen, all d'Ministèrë si gefuerdert, fir dann och bei sech Naturschutzmesuren ëmzesetzen."

Lëtzebuerg huet 2022 wéi dee globalen Accord fonnt gouf, fir bis 2030 d'Natur ze schützen an ze restauréieren, säin Naturschutzplang iwwerschafft an d'Ziler integréiert. Se sollen no an no ëmgesat ginn. Wichteg wier et, ënnert anerem d'Bëscher erëm ze stäerken an dofir soll heiheem zum Beispill d'Juegdgesetz nach dëst Joer iwwerschafft ginn, seet den Ëmweltminister. Donieft gi Sue gebraucht, vill Suen.

"Mir hunn e Besoin vu 700 Milliarden US-Dollar pro Joer, déi solle bis 2030 erreecht ginn. Vun deem Zil si mer nach wäit ewech.
Lëtzebuerg setzt sech dofir an, datt mer op där enger Säit sollen ëffentlech Suen investéieren, dat maache mer och ganz kloer. Mir sinn nach eng Kéier eropgaange mat eiser Enveloppe fir d'Klima- an d'Naturschutzmoossnamen och weltwäit z'ënnerstëtzen, vun 220 Milliounen op 320 Milliounen."

Fir de Rescht, esou de Serge Wilmes, misst awer och vill méi op privat Investissementer gesat ginn.

Back to Top
CIM LOGO