DänemarkZuucht vun "Turbo-Pouleten" soll verbuede ginn

RTL mat AFP
Den dänesche Minister fir Déiereschutz wëllt e Verbuet a Kraaft setzen, fir d'Zuucht vu Pouleten z'ënnerbannen, déi besonnesch séier opwuessen, fir kënne geschluecht ze ginn.
D'Zuucht vu sougenannten "Turbo-Pouleten" soll an Dänemark ënnerbonne ginn.
D'Zuucht vu sougenannten "Turbo-Pouleten" soll an Dänemark ënnerbonne ginn.
© ZAHIM MOHD/NurPhoto via AFP

De Christian Rabjerg Madsen, dänesche Minister fir Déiereschutz, wëllt e Verbuet fir d'Zuucht vu sougenannten "Turbo-Pouleten" op de Wee kréien. Op laang Siicht schafft hie souguer op en EU-wäit Verbuet hin, sou de Politiker, dee sech awer bewosst ass, dass sou e Gesetz "op rechtlecher an op wirtschaftlecher Basis gepréift muss ginn".

Bei enger vun de gängege Rassen dauert et just fënnef Wochen, bis d'Déieren hiert vollt Gewiicht erreecht hunn. Dobäi kréie si zum Deel just 3 Stonnen Däischtert pro Dag zougestanen, fir datt se méi iessen an esou méi séier d'Gewiicht erreechen, mat deem se kënne geschluecht ginn. Virgeschriwwe sinn awer op d'mannst sechs Stonnen am Donkelen. Bei den üblechen Hénger a Pouleten, déi op Wise gehale ginn, dauert et ronn 12 Wochen, bis se ausgewuess sinn.

Déiereschutz war ee vun de wesentleche Sujeten am Walkampf virun den dänesche Parlamentswalen am Mäerz. D'Land ass fir d'Zuucht vu Schwäin an den Export vu Schwéngefleesch bekannt. Nach sinn an Dänemark déi sougenannt "Turbo-Pouleten" net verbueden. Och an Norwegen dierfen d'Déieren nach esou geziicht ginn. Ënnert dem Drock vum Eenzelhandel hu sech d'Ziichter vum Land awer dozou verflicht, déi Form vun Zuucht bis Enn 2027 auslafen ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO