
Um Strand vu Copacabana virum berüümten Hotel “Copacabana Palace” hu si 100 rechteckeg Lächer gegruewen, virun déi schwaarz Kräizer mat dem brasilianesche Fändel drop gesat goufen. Eng symbolesch Geste, fir ze weisen, dass vill Brasilianer dem Coronavirus zum Affer gefall sinn, well d’Regierung “inkompetent” gehandelt hätt.
Déi 100 Lächer erënneren u brasilianesch Géigenden, déi staark vum Virus betraff sinn, wéi zum Beispill d’Amazonas-Metropol Manaus, wou a kierzter Zäit vill Griewer fir d’Corona-Doudesfäll hu misse gegruewe ginn.

De Virsëtzende vun der Organisatioun Rio de Paz, den Antônio Carlos Costa, appelléiert un de Bolsonaro, seng Astellung géintiwwer der Corona-Kris ze änneren. De Staatschef misst verstoen, dass “eis Nation mat dem schwéierste Moment vun hirer Geschicht konfrontéiert wier.” An der Vergaangenheet huet de brasilianesche Staatschef Covid-19 als “kleng Gripp” bezeechent.
En Donneschdeg ass d’Zuel vun de Persounen, déi d’Infektioun net iwwerlieft hunn, op iwwer 40.000 geklommen. Bannent 24 Stonne goufen dem brasilianesche Gesondheetsministère no weider 1.239 Doudesfäll gemellt. D’Zuel vun de registréierten Infektiounen ass mëttlerweil op iwwer 802.000 an d’Luucht gaangen.
Den Ament ass Brasilien dat Land op der Welt, wat am stäerkste vun der Pandemie betraff ass. Op zweeter Plaz leien d’USA, da kënnt Groussbritannien op Plaz 3. Experte ginn awer dovun aus, dass d’Zuel un Infektiounen a Brasilien däitlech méi héich ass, well relativ wéineg am Land getest gëtt.
