Corona-Party a Peru13 Persoune bei Flucht viru Police ëm d'Liewe komm

RTL Lëtzebuerg
Op d'mannst 13 Persoune si bei enger Massepanik gestuerwen, wéi si versicht hunn, virun der Police ze flüchten, nodeems si illegal zesumme gefeiert hunn.

Wéi de peruaneschen Inneministère matdeelt, hätten 120 Persoune sech an engem Lokal an der Haaptstad Lima getraff, fir zesumme Party ze maachen. Well dës Feier géint d’Corona-Reegele verstouss huet, huet d’Police missen intervenéieren, fir d’Party opzeléisen. Wéi d’Beamten ukomm sinn, hu vill Gäscht versicht, sech aus dem Stëbs ze maachen an hu probéiert, duerch den eenzegen Ausgang am Lokal ze flüchten. Dobäi si Leit iwwert anerer getrëppelt, déi um Buedem louchen, a verschidden Affer goufen tëscht der Dier an der Trap um Wee fir eraus zerquëtscht.

13 Persoune si beim Fluchtversuch ëm d’Liewe komm, 3 Polizisten an 3 Party-Gäscht goufe blesséiert. Am Ganze goufen 23 Leit festgeholl. D’Ermëttlunge lafen, fir erauszefannen, wie fir d’Ongléck verantwortlech ass.

D’Regierung weist Medieberichter zeréck, dass d’Poliziste solle Schold un der Tragedie wieren an Tréinegas agesat hätten, un deenen d’Affer erstéckt wieren. Weider heescht et vun den Autoritéiten, dass eng skrupellos Geschäftspersoun fir d’Doudesfäll responsabel wier.

A Peru goufe bis ewell 585.236 confirméiert Fäll gemellt, iwwer 27.400 Persoune sinn un de Suitte vun hirer Infektioun gestuerwen. Der Johns-Hopkins-Universitéit no zielt Peru déi sechstmeescht Corona-Fäll weltwäit an déi néngtmeescht Doudesaffer.

Dës Lescht goufen d’Corona-Mesuren am Land verschäerft, ënnert anerem si privat Feiere verbueden.

Back to Top
CIM LOGO