Am Oste vu China15 Doudesaffer a 44 Blesséierter bei Brand an Appartementshaus

RTL Lëtzebuerg
Zu Nanjing am Oste vu China sinn e Freideg op d'mannst 15 Mënsche bei engem Feier gestuerwen.
© CFOTO / NurPhoto / NurPhoto via AFP

Wéi et vun der lokaler Regierung heescht, wieren iwwerdeem 44 Persoune blesséiert ginn. Eng Persoun wier a “kriteschem Zoustand”.

D’Feier ass éischten Analysen no um fréie Freidegmoien um Rez-de-chaussée vum Gebai ausgebrach, wou d’Awunner hir E-Vëloen oplueden. D’Flame konnten, wéi et vun den Autoritéiten heescht, mat 25 Läschween, déi am Asaz waren, nach am Laf vum Moie geläscht ginn. Am Ganze goufen iwwer 500 Persounen evakuéiert.

D’Sich an d’Rettungsaarbechten am Héichhaus hu sech iwwer e puer Stonne gezunn.

Wéinst laxe Sécherheetsvirschrëfte kënnt et a China dacks zu Bränn. Virun engem Mount hat de President Xi Jinping zu verstäerkten Efforten opgeruff, fir d’Zuel vun Accidenter ze miniméieren.

Back to Top
CIM LOGO